
© Pixabay
... 42 Joer wielt den amerikanesche Noriichtemagasinn "Time" de Computer zur "Maschinn vum Joer". Et ass di éischte Kéier, dass net e Mënsch zur "Persoun vum Joer" gewielt gëtt.
Tëscht de Jore si mir - eng Formuléierung déi aus der Zäit staamt an där de 24. Dezember nach als Joresenn ugesi gouf an de Joresufank réischt um 6. Januar war. A munche Géigenden ass et souguer Brauch, op deenen Deeg keng Wäsch opzehänken, well sech soss béis Geeschter dra verstoppe kéinten.

© Pixabay
Haut viru 90 Joer gëtt Persien a Keeserräich Iran ëmbenannt. Dee bis dohi geleefege Numm geet zréck op d'Regioun Pars, an där et scho ronn 400 Joer v.Chr. e Groussräich gouf. Des gëtt duerno vun de Griiche Persis genannt. D'Awunner selwer soten awer vun Ufank un Iran, wat ongeféier "Räich vun den Arier" bedeite soll.
1945 gëtt Korea an zwou Besatzungszonen agedeelt. Zil ass et, eng provisoresch Regierung anzeriichten an duerno gesamt-koreanesch Walen z'organiséieren. Zu deenen et awer ni kënnt. 1948 gëtt d'Land a Nord- a Südkorea gedeelt. Sowjets an Amerikaner zéien sech zréck, 2 Joer méi spéit kënnt et zum Koreakrich tëscht béide Parteien.
Och 1945 leeft mat 7 Joer Verspéidung den éischte VW Käfer vum Band. En war scho virum Zweete Weltkrich als "KdF-Wagen" geplangt ginn, a verkeeft sech bis 2003 bal 22 Millioune mol. Am engleschsproochege Raum ass et de Beetle (Käfer), a Frankräich d'Coccinelle (Himmelsdéierchen), an Italien de Maggiolino (Meekiewerlek), a Schweden soen se zum Käfer "Bubbla" (Blos).
Haut viru 45 Joer marschéiere sowjetesch Truppen an Afghanistan an an installéieren eng kommunistesch Regierung. Di 10 Joer Krich duerno géint den amerikanesch ënnerstëtzte Widderstand si mat e Grond fir den Zerfall vun der UdSSR.
1983 besicht de Poopst Jean-Paul II. dee Mann, deen zwee Joer virdrun zu Roum op hie geschoss hat. An engem rumänesche Prisong vergëtt hien dem tierkeschen Extremist Mehmet Ali Agça. Dëse leet haut virun 10 Joer Blumme néier um Poopst sengem Graf am Péitersdoum a gëtt duerno rëm verhaft, well en ouni Schengen-Visum an Italien agereest war.