... 27 Joer loossen d'Autoritéite vun Hongkong 1.5 Milliounen Hénger ëmbréngen, fir di weltwäit Verbreedung vum Vullegrippvirus H5N1 ze stoppen. Dat geléngt och virleefeg - bis 2003 nei Erkrankunge nogewise ginn.

28/12/2024 Haut virun...

Et ass di alleréischten Opféierung vun engem Film. Nee, vun direkt 11 Filmer. 1895 weisen d'Bridder Auguste a Louis Lumière am Grand Café um Boulevard des Capucines zu Paräis géint Entréesgeld hir Wierker. No 20 Minutten ass de Spektakel eriwwer - all Film dauert nëmme ronn 1 Minutt. Dat Ganzt gëllt als Gebuertsstonn vum Kino.

1995 kréien d'Bierger aus aneren EU-Länner déi hei zu Lëtzebuerg wunnen d'Recht, bei Gemengewale matzemaachen, wa sech dofir op hirer jeeweileger Wielerlëscht androen. D'Reegel datt se op d'mannst 5 Joer am Stéck regulär hei musse wunnen, gëtt 2022 ofgeschaaft.

RTL

© Pixabay

1856 kënnt de Woodrow Wilson op d'Welt. Hie ass vun 1913 bis 1921 den 28. President vun de Vereenegte Staaten. Wéinst senge Beméiungen an der Vermëttlung fir en Enn vum Éischte Weltkrich an dem Ustouss zur Grënnung vum Vëlkerbond ass de Wilson 1919 mam Friddensnobelpräis ausgezeechent ginn.

1923 stierft de Gustave Eiffel. De franséischen Ingenieur a Pionéier am Stolbau gëtt 91 Joer al an ass virun allem spezialiséiert op d'Konstruktioun vu Brécken. Net just op Tierm.

Scho mat 62 Joer stierft 1937 de Maurice Ravel. De franséische Komponist ass weltberüümt gi mat sengem Orchesterstéck "Boléro".

71 Joer al gëtt de franséische Museker Richard Clayderman. Seng "Ballade pour Adeline" vu 1977 ass säi bekanntste Wierk.

Ronne 70. Gebuertsdag fir den Acteur a Regisseur Denzel Washington. Den Amerikaner ass bis elo 2x mat engem Oscar ausgezeechent ginn.

Och schonn en Oscar huet den John Legend am Regal stoen. Grad sou wéi 7 Grammyen. Den amerikaneschen R'n'B Museker gëtt 46 Joer al.

An dann ass haut nach den internationalen Dag vum Kaartespillen. Wéini hutt Dir da fir d'lescht eng Partie mat der Kaart gemaach? Lo réischt fir d'Feierdeeg? Oder ass et scho méi laang hir? Huelt mol rëm d'Kaarten eraus a leet den Handy op d'Säit. Uno, Rummy, Poker, Bridge, Canasta, Skat, Mau-Mau, Schwaarze Péiter... Dir fannt schonn eppes. Mee net fuddelen...!

RTL

© Pixabay