
© Pixabay
... 35 Joer decidéiert d'Regierung vun der DDR, den Ofbau vun der Berliner Mauer kommerziell ze notzen, a beoptraagt e staatlechen Aussenhandelsbetrib mam Verkaf vun den originale Mauerstécker.
1933 huet de Film "Sons of the Desert" (dt.: Die Wüstensöhne) Weltpremière an Amerika. Mat deen erfollegräichste vu Stan Laurel an Oliver Hardy, déi am ganzen 104 Filmer zesumme gedréint hunn. Di heite Remark CUT (do hues de mech jo schéin an d'Merde geridden) steet op der Lëscht vun de beschte Filmzitater vun allen Zäiten.
1937 trëtt d'Verfassung vun Irland a Kraaft a léist domat déi vum Iresche Fräistaat of. Dëse geet domat an d'Republik Irland iwwer, di brittesch Kroun ass net méi Staatschef. Et dauert awer bis 1949, bis déi Staatsform definitiv festgeluecht gëtt.

© Pixabay
Alles nei gëtt 1978 och a Spuenien. D'Verfassung vum Kinnekräich Spuenien trëtt a Kraaft, a mécht dem Franquismus en Enn. D'Land gëtt zu enger Demokratie mam Kinnek Juan Carlos I. als Staatschef.
Am Kader vun der "Samette Revolutioun" gëtt de Václav Havel 1989 Präsident vun der Tschechoslowakei, an den Alexander Dubček (Leetfigur vum Prager Fréijoer 1968) zum Virsëtzende vun Parlament gewielt.
2013 blesséiert sech de Michael Schumacher schwéier, wéi en an de franséischen Alpe beim Schifuere fält. De siwefache Formel-1-Weltmeeschter lieft zanterhier zréckgezu vun der Ëffentlechkeet.

© Pixabay
1800 kënnt de Chemiker an Erfinder Charles Goodyear op d'Welt. Genee, dee mat de Pneuen. Hien erfënnt den haarde Gummi an d'Vulkanisatioun, déi bis haut Grondlag ass fir d'Kautschukindustrie.
1913 gëtt de Pierre Werner gebuer. Lëtzebuergesche Staats-, Justiz- a Finanzminister, dee fréi eng europäesch Wirtschafts- a Wärungsunioun virschléit, a mat sengem "Werner-Plang" zu engem vun de Pappe vum "Euro" gëtt.

© Pixabay
Um 29. Dezember si vill bekannte Leit vun eis gaangen:
2016 stierft dem Superjhemp säi Papp Roger Leiner.

© Tom Nols
2022 ass et den Doud vun de Futtballspiller Pélé an Dan Theis.
Dee selwechten Dag verléisst eis och di brittesch Moudendesignerin Vivienne Westwood.

© Leiner / Czuga