
© Pixabay
... 102 Joer grënnen d'Bolschewiki d'UdSSR, andeems se di russesch, di ukrainesch, di belarussesch an di transkaukasesch Deelrepubliken zur Sowjetunioun zesummeschléissen.
De Grigori Rasputin war e russesche Wanderpriedeger a Wonnerheeler. 1916 gëtt hien um 30. Dezember ermort, well en ze vill Afloss krit hat op dem Nikolaus II. seng Muecht a seng Famill. De leschte russeschen Zar gëtt 3 Méint méi spéit gestierzt an d'Joer drop och vun de Bolschewiki ëmbruecht, zesumme mat senger ganzer Famill.
1980 gëtt den John Lennon zu New York erschoss. 1999, haut viru 25 Joer, gëtt mam George Harrison e weideren Ex-Beatle attackéiert. E Mann mat engem Messer dréngt an dem Museker säi Schlass an, a blesséiert den Harrison schwéier. Seng Fra rett him d'Liewen, wéi se mat engem Feierkrop op den Ugräifer aschléit.
2006 gëtt de Saddam Hussein higeriicht. Dem irakeschen Ex-Diktator säi leschte Wonsch, net wéi e gewéinleche Bandit gehaangen ze ginn, gëtt refuséiert.
Op den Inselstaate Samoa an Tokelau, déi am Pazifik leien, ass 2011 en Dag éischter Silvester. Well se op di westlech Säit vun der Datumsgrenz wiesselen, fält den 30. Dezember ewech. Nom 29. geet et den Dag drop direkt mam 31. Dezember weider.
Den Thomas Dürr gëtt 56 Joer al. Als Thomas D ass de Museker erfollegräich mat de Fantastischen Vier an och als Soloartist.
57. Gebuertsdag fir den Jason Cheetham. Als Jay Kay ass hien de Frontmann vun der Kultband Jamiroquai, déi deemnächst e neien Album wäerten erausbréngen.
Mam Tiger Woods gëtt ee vun de beschte Golfspiller vun allen Zäite 49 Joer al. Mam LeBron James gëtt ee vun de beschte Basketspiller vun allen Zäiten 40 Joer al.
A virun 38 Joer kënnt di brittesch Musekerin Ellie Goulding op d'Welt.