
... 85 Joer spillen d'Wiener Philharmoniker hiert éischt "Neujahrskonzert". Ugangs eng Propagandaaktioun vun der NS-Diktatur, gëtt de Concert entretemps all Joer a ronn 100 Länner live iwwerdroen a vu 50 Millioune Leit suivéiert.
1472 - de Schnéi ass schonn erfonnt - gëtt zu Amsterdam verbuede mat Schnéiklatzen ze geheien. "Et ass strictement défendéiert mat Boules de Neigen ze lancéieren" dee Sproch gëtt et och schonn am déifste Mëttelalter. Just eben op hollännesch. Dass et och anescht geet, weisen d'Japaner. Si hunn aus der klassescher Schneeballschlacht eng Sportaart gemaach. "Yukigassen". Et gëtt souguer Weltmeeschterschaften.
1857 gëtt d'Queen Victoria opgefuerdert, eng Haaptstad fir d'Provënz Kanada auszewielen. Si decidéiert sech fir Ottawa. Eng Legend beseet, si hätt déi Stad ausgewielt, well se op enger Landkaart hir Hoerspéngel op ongeféier d'Hallschent vun der Distanz tëscht Montreal an Toronto geluecht hätt. Méi richteg ass awer wuel de Grond, dass Ottawa no un der Sproochgrenz läit a net ze no un der Grenz mat den USA.
Virun 120 Joer ass et zu New York di éischte Silvesterparty um Times Square, fir d'Ëmzéie vun der Zeitung "New York Times" an hiert neit Gebai ze feieren. Duerch d'Freedefeier kënnt et zu ville Blessuren, sou dass 3 Joer méi spéit de berüümten "Times Square Ball" agefouert gëtt. Iwwert eng Millioun Leit kucke sech dee Spektakel all Joer op der Plaz un.
5 Joer méi spéit, 1909, hu se zu New York nach eppes ze feieren. Eng nei Bréck féiert vu Manhattan iwwert den East River op Brooklyn - si huet 2 Niveauen, Plaz fir 7 Fuerbunnen, 4 Metrosgleisen, e Vëlos- an e Foussgängerwee, et ass di sougenannte "Manhattan Bridge". Net ze verwiessele mat der faméiser "Brooklyn Bridge".
Op der däitscher Tëlee gëtt 1972 de Sketch "Dinner for One" fir di éischte Kéier op Silvester gewisen. An zanterhier heescht et all Joers op e Neits: "same procedure as every year, James".
1992 gëtt d'Tschechoslowakei opgeléist. Aus der CSFR ginn di Tschechesch Republik mat der Haaptstad Prag an di Slowakesch Republik mat der Haaptstad Bratislava.

© Pixabay
Wou mir grad am Osten sinn: 1999 trëtt de Boris Jelzin zréck - neie Präsident vu Russland gëtt de Wladimir Putin.
Zu Wuhan a China confirméieren d'Regierungsautoritéiten haut viru 5 Joer eng éischte Kéier d'Optriede vun der bis dohin onbekannter Erkrankung Covid-19.

© Pixabay
1943 kënnt den US-amerikanesche Country- a Folk-Sänger John Denver op d'Welt.
76 Joer al gi wier haut d'US-amerikanesch Sängerin a Musekerin Donna Summer.
2015 stierft dem Nat King Cole seng Duechter Natalie Cole, US-amerikanesch Sängerin.
2022 verléisst eis de Joseph Ratzinger, den emeritéierte Poopst Benoît XVI.