
© afp
No der Wal vum Donald Trump als nächsten US-President ass de Bitcoin op e Rekord-Héich geklommen. Fir de Lëtzebuerger Scott Kirsch, op Social Media besser bekannt als Trading Lord, stoung et scho fest: d’Krypto-Wärung packt et bis Chrëschtdag d’Schallmauer vun 100.000$ ze duerchbriechen.
Den Zyklus vum Bitcoin
D’Popularitéit vum Bitcoin funktionéiert an engem Zyklus, dee sech ëmmer erëm widderhëlt: Aflossräich Player, ewéi dëse Summer zum Beispill J.P. Morgan oder Goldman Sachs, investéieren an de Bitcoin, an dreiwen de Präis esou an d’Luucht. D’Krypto-Zeen spréngt op deen Zuch mat op a meeschtens erreecht de Präis vum Bitcoin dann een neien All time high.
Scott Kirsch: "Dat ass dann dee Moment an deem et méi News Coverage gëtt. Op eemol gëtt iwwerall iwwert de Bitcoin geschwat, zum Beispill am Journal. An dat ass och de Moment an deem d’Demande vu Retail Investors – Leit ewéi du an ech – signifikant an d’Luucht geet."
Dass de Bitcoin mat der Wal vum Donald Trump géif explodéieren, haten de Scott Kirsch a seng Investor-Kolleegen esou anticipéiert. Deementspriechend grouss wier d’Euphorie grad an der Krypto-Zeen, esou den Trading Lord. Och, well sech mam an den USA elo fundamental Saachen ännere wäerten an den Trump seng Regierung ganz kloer als crypto friendly government positionéiere wëll: "Ob dat den Elon Musk oder de Vivek Ramaswamy ass: Do sinn elo esou vill Leit, an enger wierklech mächteger Positioun, ronderëm hien, déi esou pro Krypto sinn, dass et an deenen nächste Méint ganz schnell geet, dass de ‘regulatory framework’ vis-à-vis vu Krypto sech elo einfach ëm 180° dréine wäert."
Dem bekannten Zyklus no, geet d’Valeur vum Bitcoin no esou engem All time high, wéi et en elo grad gëtt, erëm erof. Well déi meescht Leit de Progrès vum Bitcoin jo awer réischt da matkréien an och réischt dann investéieren wa bis jiddereen driwwer schwätzt, also am Fong ze spéit, verléiere vill Retail Investors an deem Moment vill Geld. Et géif awer aktuell zimmlech sécher duerno ausgesinn, wéi wann déi aktuell Valeur vum Bitcoin deen neie Standard géif ginn, seet den Trading Lord. "Wann d’Amerikaner soen, ‘Komm mir huelen 1% vun eise Moyenen déi mir normalerweis am Yen, am Gold oder an diversen Devisë stiechen hunn, a stiechen deen a Bitcoin’, da wäert de Präis an d’Honnerte vun Dausende vun Dollar goen."
Och d’Banken zéie mat, op allefalls déi grouss international Boîten. Goldman Sachs oder Fidelity hunn dëse Summer zum Beispill honnerte Milliounen US-Dollar a Bitcoin-ETFs op der Wallstreet gestach. De Scott Kirsch: "Nëmme well d’Spuerkeess oder bësse méi lokal lëtzebuergesch Banke vläicht soen, dass si net wësse wat si domadder ufänke sollen, heescht net, dass déi mächtegst a gréisste finanziell Institutiounen op der Welt sech net elo iwwert de Summer extrem positionéiert hunn, well dat ass de Fall."
A Bitcoin investéieren
Investitiounen a Bitcoin oder aner Krypto-Wärungen, sinn iwwert eis lokal traditionell Banken hei zu Lëtzebuerg quasi onméiglech. Wien also investéiere wëll, muss dat iwwer Crypto exchanges maachen. De Scott Kirsch, aka Trading Lord, huet mat Krypto zweestelleg Millioune-Beträg gemaach a lieft aktuell zu Dubai. Hie seet, dass vill Leit déi a Krypto investéiere wéilten, sech ganz séier a méi klengen a kuerzsiichtege Wärunge verléiere géifen: "An der Zeen ginn déi 'Shitcoins' genannt, well oft Leit mat manner gudden Intentiounen hannendru stiechen, déi falsch Versprieche maachen. 85% bis 95% vun deene Projeten, déi op eemol einfach optauchen, verléiere bannent kuerzer Zäit iwwer 90% vun hirer Valeur an innerhalb vun zwee bis dräi Joer verschwannen se ganz." Et sollt een sech léiwer op bekannte Wärunge fokusséieren an déi fundamental verstoen: "Et ass e gudde Progrès wann dir verstitt wat de Bitcoin ass, wat Ethereum ass, wat déi etabléiert Projete sinn, déi et säit ville Jore gëtt, a firwat déi eng effektiv Valeur hunn."
Louche Ubidder ginn et och bei de Crypto exchanges – de Plattformen iwwert déi een a Krypto-Wärungen investéiere kann. Och hei soll een op etabléiert Déngschtleeschter zeréckgräifen: "Dat si Binance, ByBit oder Coinbase. Déi maachen och d’Custody fir Fidelity a Goldman Sachs. Custody heescht, dass déi Ubidder op hir Tokens oppassen. Dat heescht dat si grouss Plattformen, bei deenen ee sech, ouni sech ee Kapp mussen ze maachen, en Account maache kann." Mat BitFlyer a BitStamp ginn et iwweregens och zwou Crypto Exchanges, déi vun der CSSF hei zu Lëtzebuerg reguléiert ginn. Bei deenen huet een also eng gewësse Garantie, dass si sech un d’Spillreegelen halen. A wann net, da wéinstens en direkten Uspriechpartner.
Fir d’Krypto-Welt besser ze verstoen, géifen et vill interessant Bicher ginn, seet de Scott Kirsch. Fir ëmmer um neiste Stand ze sinn, kéint een dann zum Beispill Senderen ewéi CNBC oder aner grouss Finanz-Formater suivéieren a mat den Trends goen. Den Trading Lord selwer hëlt all seng Informatioune vun X. Do solle besonnesch Krypto-Neulingen awer oppassen, well d’Breaking News extrem schnell dobausse sinn: "Krypto ass esou schnell, do kann een net een Dag ze spéit sinn. De Musk mécht zum Beispill en Tweet iwwert den Dogecoin an da mécht deen innerhalb vu genau 3 Minutte 15%. Dat heescht et muss ee wierklech oppassen, dass ee sech als Novist net ze vill op déi short term Geschichte fokusséiert."
Dowéinst réit de Scott och deene meeschte Leit vun Daytrading, also Transaktiounen an Echtzäit, of.
Wann een investéiere wéilt, misst ee sech iwwert säi Budget, den Zäitraum vum Investissement an de Risiko deen ee wëll agoen am Kloere sinn, seet den Trading Lord. Krypto kéint extrem profitabel sinn, awer et misst ee fläisseg sinn a séier aus senge Feeler léieren: "Dat geet a béid Direktiounen: Wann’s du ze giereg gëss oder wann’s du ouni Grond ze nervös gëss, just well de Präis eng Kéier kuerz fält. Dat heescht Investments an Trading ass eng extrem perséinlech Erfarung, bei där een natierlech schnell Saache bäiléiere kann. Et ginn awer verschidde Lektiounen, déi muss d’Liewen dir leider op déi méi haart Aart a Weis bäibréngen."
De Scott Kirsch ass iwweregens och de Grënner vu kollectiv.io - eng App déi an deenen nächste Wochen erauskënnt an eng gutt Ulafstell fir Krypto-Ufänger ass!