Dëst Joer nach e puer Deeg Congé iwwereg a Loscht op Live-Musek ? Hei den Iwwerbléck, wéi eng grouss Kënschtler 2025 op Tournée ginn!

10/12/2024 Ausbléck Concerten 2025: Dua Lipa, Linkin Park & OneRepublic

Den 18. Mäerz 2022 hu Coldplay deen alleréischte Concert vun hirer “Music of the Spheres World Tour” gespillt. No 225 Concerte soll d’Tour den 8. September 2025 zu London am Wembley Stadium op en Enn goen. Do virdru spille Coldplay nach an Asien, an den USA an a Kanada. Alleguer d’Concerte si komplett Sold-Out.

Optimistesch kënnt dir awer beim Dua Lipa sinn! Mat sengem aktuellen Album "Radical Optimism" ass d’Kënschtlerin bal dat ganzt nächst Joer op Tournée. Um Plang stinn och vill Stied bei eis an der Géigend, respektiv Stied déi ee vun hei aus gutt ereeche kann: Paräis, München, Amsterdam, Mailand, Antwerpen oder London. De Präis vun den Ticketen ass erstaunlech bezuelbar.

D’Sabrina Carpenter ass mat sengem Iwwerhit "Espresso" eng vun de grousse Pop-Sensatioune vum Joer. Kee Wonner, dass seng "Short N’ Sweet" Tournée mëttlerweil komplett ausverkaaft ass. Dir kënnt iech awer nach op d’Waardelëschten aschreiwen, vläicht hutt dir jo Chance.

25 Joer Sido – dat gëtt natierlech op der Bün gefeiert! Mat senger Jubiläumstour kënnt hien op Köln, Frankfurt oder Dortmund. Ticketen op sido-tickets.de.

Op Tour ginn d’nächst Joer och nach déi däitsch Kënschtlerin Ayliva oder d’Imagine Dragons. Dëst Joer am Mee hunn d’Twenty One Pilots hiren aktuellen Album "Clancy" erausbruecht. Mat deem toured d’Band am Abrëll a Mee 2025 duerch Europa. Um Programm stinn och Amsterdam, Köln a Paräis.

An der Lescht huet hien sech zwar méi op Songwriting konzentréiert, mee d’nächst Joer ass de Ryan Tedder mat OneRepublic zeréck op de grousse Büne vun dëser Welt. Am September, Oktober an November 2025 spille OneRepublic zu Paräis, Antwerpen, Frankfurt oder München. Ticketen op onerepublic.com.

Wien "The Boss" Bruce Springsteen live wëll erliewen, kann dat den 18. Juni 2025 am Deutsche Bank Park zu Frankfurt maachen. Ticketen sinn elo an der Vente.

Nieft der Reunion vun Oasis war et eng vun de groussen Nouvellen aus der Museksbranche: Linkin Park si siwe Joer nom Dout vum Chester Bennington och erëm do – mat neier Sängerin Emily Armstrong an neiem Album "From Zero". Eng Tournée gëtt et natierlech och. Déi meescht Concerte si scho laang ausverkaaft, déi bescht Geleeënheet ass wuel, Tickete fir de Rock Werchter ze huelen. Do spille Linkin Park als Headliner.