
Camping, Camper a Caravanne, esou weisen Zuelen a Visiteuren op rezente Foiren, erfreeë sech grousser Beléiftheet.
An dat um Caravan Salon zu Düsseldorf. Um Stand vun der „Deutschen Caravaning Industrie“ léieren ech d’Manuela Brecht kennen.
Hir Firma huet sech zënter 4 Joer op Ëmbaute fir Caravannen a neierdéngs och Camper spezialiséiert.
Eng Häerzens Ugeleenheet verréit si mir, a schon 20 Stéck si réaliséiert ginn. Vun enger klenger vun 4.60 bis zu 7m30 Duebelachser ass do villes méiglech.
Wou leien d‘Erausfuerderungen?
So ein Wohnwagen hat ja auch eine gewisse Statik. Wir können da nicht hergehen und alle Möbel rausholen wie wir uns das vorstellen und dann wieder anders einbauen. Dann geht die Stabilität verloren.
An da gëtt et méi spezifesch. Wëll di Persoun mat Handikap just a seng Roulotte oder Camper erakommen, oder sech och an all Raum beweegen. An et muss gläich um Ufank definéiert ginn, mat wéi vill Persounen et op d’Rees soll goen.
Mat engem graffe Grondrëss geet et lass. Individualiséirung ass Tromp.
An da komme mir op eis Lëtzebuerger Famill ze schwëtzen. D’Famill Faber vu Réiden un der Atert. De Mann ass op e Rollstull ugewisen.
(Cut 2…)
Wéi laang dauert eigentlech esou en Ëmbau?
(Cut 3…)
Mir haten ugangs héieren, d’Firma Brecht ass zu Heilbronn doheem, muss de Client sech dohinner deplacéieren? Käschtepunkt a wéini d’Famill Faber di éischte Kéier mat hirer neier Cravanne an d’Vakans ka fueren. Alles dat dann an der nächstewr Stonn an engem zweete Reportage.