... 84 Joer daucht de Kapitän Haddock eng éischte Kéier an engem Tintin Comic op. Am 9. Album "Crabe aux pinces d'or" feiert den oft granzegen awer ëmmer jovialen Haddock 1941 seng Première. Säi Virnumm ass iwwregens Archibald.

02/01/2025 Haut virun...

Haut viru 66 Joer kënnt den éischten Episod vum Asterix eraus. Di nei Comicserie gëtt extra fir di éischt Editioun vun der neier franséischer Jugendzäitschrëft Pilote erfonnt. Dem Asterix säi beschte Kolleeg Obelix spillt ugangs just eng Nieweroll.

Am Süddeutschen Rundfunk huet haut viru 65 Joer e Comic-Päerd säin éischten Optrëtt. Am neie Werbefernsehen ass et tëscht de Reklammen ze gesinn. 3 Joer méi spéit kënnt en Af dobäi: "Äffle und Pferdle" sinn domat gebuer. Hir Spotte gi bis 2001 produzéiert.

1959 flitt mat "Lunik 1" di éischte Raumsond a Richtung Mound. Et ass iwwerhaapt di éischt Sond déi d'Gravitatiounsfeld vun der Äerd iwwerwanne kann. 36 Stonne méi spéit verfeelt "Lunik 1" awer de Mound wéinst ze héijer Vitess.

Zu Glasgow kënnt et 1971 beim Derby tëscht Celtic a Rangers zur sougenannter Ibrox-Katastroph. An enger Massepanik stierwe 66 Futtballfans. Duerno gëtt den Ibrox Park an e Stadion mat nëmme Sëtzplazen ëmgebaut.

1974 approuvéiert den US-President Richard Nixon e Gesetz, dass ausserhalb vun den Uertschaften just nach eng Maximalvitess vu 55 Meilen an der Stonn soll gëllen. An der Uelegkris soll domat Sprit gespuert ginn. D'Vitesslimitatioun gëtt 1987 op 65 gehuewen, an zanter 1995 kann all Bundesstaat seng maximal erlaabte Vitess selwer festleeën.

1978 ass et um ZDF di éischt Editioun vum heute-journal. A wie nach méi spéit Noriichte kucke wëllt, dee gëtt vum selwechten Dag un op der ARD mat den Tagesthemen versuergt.

1984 geet RTLplus op Sendung. Zu Bartreng entsteet dem neie Privatsender säin däitschen Tëleesprogramm. Di éischt Emissioun nom Startschoss sinn d'Noriichten "7 vor 7" mat Hans Meiser a Geert Müller-Gerbes. 1988 plënnert RTLplus op Köln, an heescht zanter 1992 RTL Television.