
© pixabay
Mat der rapider Entwécklung vun AI-Technologien ass et vill méi einfach ginn, Biller ze manipuléieren an ze fälschen. Dës sougenannten “Deepfakes” täuschen net nëmmen, ma si kënnen och e richtege Schued verursaachen.
Deepfakes ginn erstallt duerch komplex Algorithmen, déi Biller a Videoen analyséieren an nei, gefälschte Versioune produzéieren. Dës Technologie gëtt net nëmme fir Spaasszwecker benotzt, mee och fir Desinformatioun ze verbreeden. De Serge Linckels, Responsabel vum Digital Learning Hub a vun 42 Lëtzebuerg erkläert:
D'Technik huet an där leschter Zäit esou evoluéiert, datt et hautzedaags Toole ginn, déi ee quasi ka gratis benotzen, déi esou fantastesch Fakë kënne maachen, datt ee se net méi vun AI quasi kann ennerscheeden an datt et fir eng Privatpersoun eigentlech ganz komplizéiert gëtt. Et gi verschidden Tipps, wéi ee kee kucke kann, ob et kënnt e Fake sinn, mee et ass immens wichteg, datt een de Reflex kritt, einfach mol kritesch ze bleiwen. A wann een eng Foto, en Text oder ee Video gesäit, datt ee sech muss d' Fro stellen: Ass dat richteg oder kënnt et eventuell e Fake sinn?
Zum Beispill kënne Politiker an onrealistesch Situatioune gesat ginn, oder Prominenter kënne mat falschen Aussoen zitéiert ginn.
Et gi ganz vill Fotoen, wou een dann iergendwellech VIPë gesäit, déi sech da verkleeden, déi op engem Lafsteeg ronderëmlafen an déi Faken sinn esou fantastesch gemaach, datt ee se net vun engem Original kann ennerscheeden. An dat ass ganz komplizéiert. Soulaang et witzeg ass, ass et kloer, et ass ee Fake. Mee wann dat awer elo seriö Messagë wieren, da kënnt dat carrement geféierlech sinn.
Fir géint dës Gefor unzegoen, schaffen Experten un neien Tools an Techniken, fir Deepfakes z’entdecken an ze reduzéieren. Am Digital Learning Hub ginn eng ganz Rei Coursen am Beräich vun der Informatik, der IT an neien Technologien ugebueden:
Effektiv elo an deene leschte Méint hunn eis Coursen am Beräich vun der kënschtlecher Intelligenz ee ganz groussen Zoulaf. Mir hunn 81 Coursen am Joer 2024 elo am Beräich vun der AI proposéiert, an dat fir ee ganz breede Publikum vu wierklech Basic Demystifikatioun: Wat ass AI, iwwer Ethik Coursen, iwwer EU AI Regulatiounen, awer och vill méi avancéiert Saachen, wéi zum Beispill eebe Bildveraarbechtung mat kënschtlecher Intelligenz, Programmatioun mat kënschtlecher Intelligenz, bis hin zu méi theoreeteschen, mathematesche Modellen, déi hannert der AI stiechen.
Laanscht den technesche Fortschrëtt kënnt keen. Dofir ass et wichteg, datt mir als Gesellschaft bewosst bleiwen a léiere, kritesch mat den Informatiounen ëmzegoen, déi mir online gesinn.