
© Pixabay
... 65 Joer gëtt Alaska als bis haut zweetleschte Bundesstaat an di Vereenegte Staate vun Amerika opgeholl. Haaptstad vun hirem 49. Bundesstaat, dee flächeméisseg gréisste vun den USA, ass Juneau.
1851 féiert de franséische Physiker Léon Foucault a sengem Keller en Experiment duerch, mat deem hien d'Rotatioun vun der Äerd beweist. Hie léisst en 2m laange Pendel dicht iwwert de Buedem schwéngen a markéiert genee deem seng Bunn. Dobäi kënnt eraus, dass net de Pendel, mee de Buedem seng Ausriichtung verännert.
1871 krit den Amerikaner Henry Bradley e Patent fir d'Produzéiere vu Margarinn. Se déngt als Ersatz fir Botter, a war schonn 2 Joer méi fréi vum Napoléon III. gefuerdert gi fir d'Verfleegung vu sengen Zaldoten ze vereinfachen. De Mann deen déi "beurre économique" erfonnt huet, hat awer kee wirtschaftlecht Geschéck an huet säi Patent verkaaft. De Bradley sot Thank you. Oder merci.
Zu Moskau ënnerschreiwe 1993 den George Bush an de Boris Jelzin de START-II-Kontrakt. Domat ginn all russesch an amerikanesch Interkontinentalrakéite ofgebaut. Di atomar Sprengkäpp gi bis d'Joer 2000 op maximal 3500 limitéiert, awer net definitiv vernicht.
Wann et engem langweileg ass, an et huet een och nach ze vill gedronk, da passéiere komesch Saachen. Sou wéi 2004 zu Las Vegas. Do bestit d'Britney Spears spontan hire laangjärege Frënd Jason Alexander. D'Liaisoun gëtt 55 Stonne méi spéit, op Drock vun den Eltere Spears, erëm annuléiert.
1829 kënnt den däitsche Lexikograf Konrad Duden op d'Welt. De "Godfather of german Rechtschreibung" presentéiert 1880 säin éischten Duden - virun engem hallwe Joer ass di 29. Oplag erauskomm, mat aktuellen 151.200 Stéchwierder.
1929 gëtt de Sergio Leone gebuer. Den italieenesche Filmregisseur gëtt de "Godfather of Italowestern". Mat Zwei glorreiche Halunken a Spiel mir das Lied vom Tod huet en an de spéide 1960er Jore seng gréisste Succèsen.