... 15 Joer gëtt an de Vereenegten Arabeschen Emirater dat héchste Gebai vun der Welt ageweit. De Burj Kalifa ass 828m héich. Vun de 57 Lifter fiert een bis op 638m an di 189. Etage.

04/01/2025 Haut virun...

1936 presentéiert de Billboard Magazine eng Lëscht mat den 10 meeschtverkaafte Lidder vun der Woch. D'Zuelen dofir gi vun den 3 gréisste Plackefirme geliwwert. Ob et di éischten Hitparad vun der Welt ass, kann awer net eendeiteg bewise ginn. Gleewe mir et mol.

92 Deeg nodeems d'Sowjets d'Welt schockéiert hu mam Start vum éischte Satellit Sputnik, vergléit dëse beim Antrieden an d'Äerdatmosphär. D'Ära vun der Raumfaart ass domat lancéiert.

2008 gëtt d'Rallye Paris Dakar fir di éischte Kéier net gefuer. Den Organisateur huet Terrorwarnunge krit a seet aus Sécherheetsgrënn of. Vum nächste Joer un gëtt de Wüsteklassiker a Südamerika gefuer, an zanter 2020 a Saudi-Arabien.

An engem Vëlodrome bei Paräis fiert e gewësse Robert Marchand virun 8 Joer e Weltrekord um Vëlo. An enger Stonn kënnt en op 22,574km. Sou wäit ass nach keen 105 Järege virun him komm. No sengem Exploit mengt de Marchand, en hätt awer nach méi séier kënne fueren.

Am Joer 1900 kënnt den James Bond op d'Welt. US-amerikaneschen Ornitholog (wat och soss?), bekannte Curateur vu grousse Vullesammlungen an en Expert vun de Vulle vun de Karibeschen Inselen. E Buch vun him gëtt dem Auteur Ian Fleming de Numm fir de Spioun a senge Geschichten.

RTL

© Pixabay

L'Étranger oder La Peste si nëmmen 2 vu senge grousse Wierker - 1960 stierft de Literaturnobelpräisgewënner Albert Camus bei engem Autosaccident.

An um Enn kënnt nach ISO8601 - dat ass di international Norm fir numeresch Datums- an Zäitformater. Dëser Norm no ass de 4. Januar haut deen eenzegen Dag, deen ëmmer Deel vun enger éischter Woch vun engem Joer ass.

RTL

© Pixabay