
© Pixabay
... 150 Joer geet d'Opéra Garnier zu Paräis op. Dat neobarockt Gebai ass sengerzäit de gréissten Theaterbau vun der Welt, an déngt dem Auteur Gaston Leroux als Virlag fir säi Roman "Le fantôme de l'opéra".
1813 ass Dänemark faillite. Bedéngt duerch eng radikal Wärungsreform, déi sech scho Jore virdrun annoncéiert huet, ass et de nationale Bankrott. Besonnesch d'Auswierkungen vun de Napoleonesche Kricher maachen den Dänen ze schafen.
1933 fänke se zu San Francisco un di faméis Golden Gate Bridge ze bauen. 4 Joer wäerten d'Aarbechten un der deemools längsten Hängebréck vun der Welt daueren. D'Wouerzeeche vun der Stad ass 2737m laang, 227m héich an et si 6 Fuerbunnen drop.

© Pixabay
1957 presentéiert den Dwight D. Eisenhower di amerikanesch Schutzgarantie fir Nooststaaten. Dem Präsident seng sougenannten "Eisenhower-Doktrinn" beseet, dass d'USA iwwerall a mat alle Mëttelen (also zur Nout och mat Atomwaffen) prowestlech Regimmer viru kommunistescher Ënnerwanderung oder Bedreeung schütze wëllen. Et ass d'Reaktioun op d'Sueskris, déi zum Enn vun der westlecher Dominanz am arabesche Raum gefouert huet.
Net wäit vu Paräis ewech fält 2003 esou vill Schnéi, dass virun engem Autobunnspéage ronn 15.000 Gefierer an e Stau geroden. "Rien ne va plus" fir di nächste 14 Stonnen.

© Pixabay
1921 kënnt de Jean vu Nassau op d'Welt. Vu 1964 bis 2000 ass hien de Grand-Duc vu Lëtzebuerg.
Säi komplette Numm ass:
Jean Benoît Guillaume Robert Antoine Louis Marie Adolphe Marc d’Aviano vu Nassau.
A senger Amtszäit huet de Jean des Titelen:
Altesse Royale, Grand-Duc vu Lëtzebuerg, Duc vu Nassau, Prënz vu Bourbon-Parma, Pfalzgrof bei Rhäin, Grof zu Sayn, Königstein, Katzenelnbogen an Diez, Buerggrof vun Hammerstein, Här vu Mahlberg, Wiesbaden, Idstein, Merenberg, Limburg an Eppstein.
"Abteilung Attacke" gëtt haut 73 Joer al - den Ulrich genannt „Uli“ Hoeneß. Welt- an Europameeschter an de 70er, gëtt en duerno Manager a Präsident vum FC Bayern München, deen an dëser Zäit 50 national an international Titele gewënnt.
De René Baumann gëtt 57 Joer al - als DJ BoBo ass hien ee vun den erfollegräichste Museker aus der Schwäiz a gëtt vu senge Fans als "King of Dance" veréiert.
Den däitsche Popsänger Sasha feiert haut säin 53. Gebuertsdag. Säi kanadesche Cousin Dick Brave krit haut komescherweis och 53 Joer. Zoufäll gëtt et.
50 Joer al gëtt den amerikaneschen Acteur, Regisseur a Produzent Bradley Cooper. Bekannt ginn duerch d'"Hangover"-Filmer gëtt de Cooper bis haut 12x fir en Oscar nominéiert, konnt awer nach kee gewannen.