
© Patrick Greis
Eng Fra déi Vollgas gëtt, e bekannten däitschen Acteur dee beweist dass en och nach sange kann, a Musicals mat enger Lëtzebuerger Touche gouf et gëschter am LIVE! planet people beim Olivier Catani. Invitéiert waren d'Nathalie Neumann, den Axel Prahl an den Alex Bernard.

D'Nathalie Neumann fillt sech wuel am Rennwon a kënnt mat frëschen Impressiounen an enger 8ter Plaz vun Dubai. 2022 huet se de neien Challenge 'Formula Woman' ugeholl nodeems se schonn 10 Joer Autocross gefuer ass an vill Meeschtertitel gewonnen huet.


Den Tatort-Star Axel Prahl kënnt de 9ten Januar als Sänger mat sengem Inselorchester op Iechternach an den Trifolion. Hei kann een den Acteur, deen mam Krimi vu Münster reegelméisseg bis zu 12 Mio zesummen mam Jan Josef Liefers virun d'Televisioun lackelt, als Sänger a Museker gesinn.


Den Alex Bernard freet sech dëse WE op d'Concerten mat de Luxicals um Geesseknäppchen an huet e Videoclip fir Chrëschtdag am Rucksak.
