... 44 Joer gëtt mam Expremier Gaston Thorn den éischte Lëtzebuerger Politiker President vun der Europäescher Kommissioun. Nom Jacques Santer 1995 wäert 2014 wäert och de Jean-Claude Juncker dee Poste kréien.

06/01/2025 Haut virun...

Eng wierklech Nouveautéit ware se net - dem Erfinder James Plimpton seng Rullschong mat 4 Rullen drënner. Éischt Modeller gouf et schonn 100 Joer méi fréi, mee den Amerikaner krit 1863 um 6. Januar e Patent op säi Modell.

RTL

© Pixabay

Rond geet et zanter 1975 och op der amerikanescher Tëlee mam "Wheel of Fortune". Haut viru 50 Joer dréint sech d'Glécksrad eng éischte Kéier. Di Gameshow leeft bis haut an ass zesumme mat "Jeopardy!" di erfollegräichste Spillemissioun vun der Welt. Se ass a méi wéi 60 Länner exportéiert ginn.

Haut virun 31 Joer gëtt di amerikanesch Äisleeferin Nancy Kerrigan vun engem Onbekannten um Knéi blesséiert, sou datt si net un de nationale Championnater deelhuele kann. Hir grouss Konkurrentin Tonya Harding gewënnt. 7 Woche méi spéit gëtt si op den Olympesche Spiller awer nëmmen di 8., wärend d'Kerrigan d'Sëlwermedail gewënnt. Hannert dem Uschlag stécht de Camp vu der Famill Harding.

1998 krit di "Kleng Mierjongfra" zu Kopenhagen de Kapp erofgeseet. 1964 war dat schonn eng Kéier geschitt, 1984 hat hire rietsen Aarm mussen dru gleewen. Zegmol ass se och mat Faarf beschmotzt ginn, mee ëmmer rëm gefléckt oder restauréiert ginn.

RTL

© Pixabay

2002 ass de Sven Hannawald deen éischte Skisprénger, deen op der "Vierschanzentournée" alle 4 Sprangkompetitioune gewanne kann. 2018 ass de Pol Kamil Stoch dee bis elo eenzegen, deem dat Konschtstéck och geléngt.

Radikal Supporter vum Donald Trump stiermen 2021 de Kapitol zu Washington D.C.. Si wëllen, motivéiert duerch de President, deem seng Néierlag bei de leschte Wale nach ëmmer net acceptéieren.

70 Joer al gëtt haut de Rowan Atkinson. A senger Roll als "Mister Bean" ass de Britt weltberüümt ginn.

An den "Gentlemanboxer", deen an de 90er Jore ganz Däitschland an d'Boxféiwer bréngt, feiert säin 61. Gebuertsdag - den Henry Maske.