
Et rumouert an der Camping Branche. Aus Däitschland kommen dach en etlech Nouvelle vu Firmaen déi et net gepakt hunn, a krups gaang sinn.
Jo et war och schonn um leschte Caravan Salon zu Düsseldorf en Thema. Ëmsatz Prognose gi no ënne corrigéiert. De Camping Boom deen schéngt erduerch, a vill Acteuren an der Szeen kämpfen em d’Iwwerliewen.
An Däitschland sinn och därer déi Campere verlount hunn betraff. Stéchwuert Insolvenz.
D’Nofro léisst no, d’Käschte ginn an d’Luucht, dat kann op Dauer net gutt ausgoen.
Mat der Knaus Tabbert AG gouf och e Groussen aus der Branche ferm gerëselt, an d’Personal mécht sech Suergen.
A bei eis am Grand-Duché, wéi beléift ass d’Fräizäit Branche nach, oder ass d’Loft och eraus?
Mir hu Rendezvous mam Marc André zu Sëll. Zënter 1987 an der Camper Szeen aktiv, en alen Hues deemno.
Wat méngt deen? Des "hauts et des bas" alles scho mol do gewiescht?
Di Tendenz déi Säit der Musel ass di déi Säit. Hei zu Lëtzebuerg an eisem klenge Ländchen ass nach ëmmer d'Nofro do. Si ass vläicht net esou staark wéi mir si an de Joeren 2019, 2020 an 2021 kannt hunn. An haut op 2024 kënne mir soen dass mir op engem gudde Wee sinn dass dat sech nees stabiliséiert wéi virun deene Joeren.
De Boom deen duerch d’Corona Pandemie ausgeléist gouf ass fort ?
Deen ass fort, zum Deel soen ech dann och, Gott sei Dank ass e fort, dass mir emol nees e normalt Liewe kréien. et ass jo net just ëmmer de Verkaf deen zielt. Stéckzuele kanns du esou vill maache wéi's du wëlls, mee däi Service après-vente muss awer och nokommen.
Gëtt et eng Differenz beim Camper oder der Caravanne?
Also Differenz tëscht dem Camper an der Caravanne läit doran dass di Zäit wou mir keng Campingcare kritt hunn ass d'Caravanne nees massiv an d'Luucht gaang, wëll näischt aneschteres do war.
Et ass awer elo den Trend och elo nach ëmmer bei eis am haus dass de Campingcar awer nach ëmmer dat ass wat méi gefrot ass.
Do geet jo bei eisen däitsche Nopere riets vun Neiween déi ënnert dem Akafspräis verkaf ginn. Ass do eppes drun, oder anescht gefrot: Kënnen oder wëllen d’Leit sech de Camper oder Caravanne nach leeschten?
Et ass nees erem eng Kéier den däitsche Marché. Do sinn der jo e bëssche méi Verkeefer wéi hei zu Lëtzebuerg. Di Jongen, jo loosse mir emol soen, déi hu ganz grouss gekuckt. Wann's du dir do keen Apel fir den Duuscht op d'Säit lees, dann hues du ubemol e Problem. Dat Problem wat déi Säit elo leeft dat kréie mir mat. Dann ass et ëmmer blöd wann's du an Däitschland e Camper keefs, an a 7 Méint wann de Camper dann do ass, ass deejéinege net méi do deen dir e verkaf huet. Dee Risiko ass do, awer dat kann e géréieren. An dat hu mei hei zu Lëtzebuerg ganz gutt am Grëff.

Ma dann hoffe mir dass dat och fir 2025 esou klappt.