
© Jongbaueren.lu
D'Christmas-Tour vun de Jongbaueren an der Lëtzebuerger Landjugend ass wärend der Pandemie entstanen. Zanterhier fueren se an der Chrëschtzäit mat hire gerëschten Trakter-Korsoen duerch verschidde Regiounen am Land.
D'Presidentin Marthe Bourg erzielt eis wéi d'Iddi vun der Christmas-Tour entstanen ass:
D'Landjugend besteet jo aus siwe regionale Gruppen. Mer hunn elo genau sechs Tier queesch duerch d'Land an all Landjugend fiert do e bëssen a senger eegener Regioun. An entstanen ass et am Fong 2020. Eis Noperen aus Däitschland sinn och esou Stären -Tier gefuer. An dann hu mer eis geduecht, okay, dat ass awer schonn eng cool Iddi. Firwat solle mer dat net och maachen? Verschiddener fueren och mat engem Camion mat oder mat engem Bagger. An da ginn déi dekoréiert mat Liichterketten, mat Musek. An da fuere mer domadder duerch d'Dierfer an laanscht Altersheemer oder aner sozial Ariichtungen.
Lass geet et de 26ten Dezember wou den Depart mat den dekoréierte schwéiere Gefierer tëscht 4 a 5 Auer Nomëttes ass:
Dat heescht, d'Land Jugend Dikrech, déi fueren zesummen een Tour an der Regioun Dikrech. De Süde fiert am Süden, Uewersauer an der Uewersauer-Regioun, den Zenter am Zentrum, Maacher ronderëm d'Musel a Clierf am Norden. Pro Tour sinn ongeféier esou 50 Trakteren. Mer probéieren einfach de Leit sou schéi Chrëschtdeeg ze wënschen an alles Guddes fir d'Joer 2025 an einfach Freed ze verbreeden an de Leit ee Laachen an d'Gesiicht ze zauberen.
