
© pixabay.com
Vill Leit freeë sech all Joer op en Neits op d'Feierdeeg um Enn vum Joer mat virop dem Virowend vu Chrëschtdag sou wéi Chrëschtdag selwer. Grond dofir ass hautdesdaags dacks manner dee reliéisen Aspekt vum Fest mee vill méi de Fait, dass d'Famill zesumme kënnt, sech Kaddoe mécht an ee sech, meeschtens mol, ob e puer gemittlech Deeg beienaner freeë kann. An awer ass et wichteg an interessant ze wësse wat mir do iwwerhaapt feieren.
Do geet scho mol e klenge Bléck an d'Etymologie vun de Wieder ronderëm Chrëschtdag duer fir ze wësse wat gemengt ass. Villes verréit den däitschen Numm „Weihnachten“ dat sech aus der mëttelhéichdäitscher Wendung (ze den) wîhen nahten", ofleet wat op héichdäitsch "(zu den) heiligen Nächten" heescht. Am franséisch sproochege Raum schwätzt ee vun "Noël": dat kënnt vu „Natalis“ (Natalis dies) an heescht Gebuertsdag, esou wéi d’Fest liturgesch offiziell op Latäin „In nativitate Domini“ heescht. Am englesche schwätzt ee vu "Christmas", wat vu Cristemasse kënnt an u sech Mass respektiv Feier vum Chrëscht heescht. Am Lëtzebuergesche schwätze mer vu Chrëschtdag, also dem Dag vum Chrëscht, vu Christus.
Den Ursprong vu Chrëschtdag läit souzesoen an enger klenger Krëppchen zu Betlehem: Jesus Christus. D'Geschicht vum Chrëschtdagsfest fänkt deemno viru méi wéi 2000 Joer un, deemools wou de Jesus op d'Welt koum. Dat éischt Fest konnt historesch déi 1. Kéier de 25. Dezember 336 no Christus zu Roum nogewise ginn. Allerdéngs fänken d'Feierlechkeete well um Virowend, also op Hellegowend un. De Grond dofir ass, dass dem anticke Kalenner no den Dag well mam Sonnenënnergang eriwwer war. Den Owend vum 24. Dezember huet deemno deemools well zu Chrëschtdag selwer gehéiert.
Ob de Jesus effektiv op engem 25. Dezember gebuer gouf, weess een awer net sécher well an der Bibel steet heiriwwer näischt. D'Kierch huet dësen Dag réischt nodréiglech festgeluecht.
D'Chrëschtzäit ass awer net nom 25. Dezember gelaf well och de 26. Dezember ass e Feierdag. Dësen huet zwar manner mat der Gebuert vum Jesus ze dinn a gëtt bei eis Stiefesdag genannt. Ma u sech dauert déi ganz Zäit bis de 6. Januar, also bis Dräikinneksdag wou déi 3 Helleg Kinneke Caspar, Melchior a Balthasar beim Jesuskand ukomm sinn.
Dowéinst hält een üblecherweis dann och de Chrëschtbeemchen bis deen Dag.