
© RTL
Bis den nächste Sonnden, also bis den 29. Dezember hutt der nach Zäit fir ze decidéiere wien den Titel Lëtzebuerger a Lëtzebuergerin vum Joer am meeschte verdéngt. Jiddereen deen ofstëmmt huet d'Chance op eng Apple Watch a Wireless-Kopfhörer vu Bang & Olufsen. 20 Kandidate sinn et am Ganzen. Ënner den 10 Kandidate fir de Lëtzebuerger vum Joer ass och de Fussballsarbitter Gilles Becker.
De Gilles Becker ass Arbitter bei der Lëtzebuerger Futtball Federatioun a steet Woch fir Woch mat vollem Asaz um Terrain. An Zäiten, an deenen Aggressivitéit a Gewalt souwuel um, wéi och nieft dem Futtballterrain ëmmer méi zouhuelen, behält den 42 Joer alen Arbitter ëmmer d’Rou a suergt mat senger Empathie, sengem Engagement a sengem Respekt fir ee fairen Oflaf vun de Matcher. Hie lieft fir de Futtball an ass nieft senge Valeure grad och fir seng Kompetenz bei de Spiller, Traineren, Responsabelen a bei de Supporter sou beléift.

© FLF