Iwwert déi lescht Deeg a Wochen hu sécherlech vill vun iech dee gudden Service op de festlechen Dësch gestallt. Op Porzeläin-Telleren iessen, Kaffi oder Téi aus Tasen drénken, war laang just engem elitäre Krees virbehalen.
De Christian Schmit war dëser Deeg op enger Plaz, wou ee méi iwwert d’Geschicht an d’Evolutioun vum Porzeläin gewuer gouf.

02/12/2024 Geschicht vum Porzeläin (MAT USO)

An dat op engem interessante Workshop am Kader vun Young Chefs Unplugged 2024 mat Lëtzebuerger Participatioun zu Rankweil am Vorarlberg. Proposéiert vum Serge Hemmer vu RAK Porcelaine.

Den Ursprong läit an Asien, méi genee a China?

Porzeläin ass am Fong vun de Chineesen erfonnt ginn. Dofir heescht e jo och op englesch China Ware. Mir wësse jo, dass d'Chineese jo hir Terra Cotta Arméi haten, déi Dausende Joren al ass. Esou am 9. Joerhonnert hu si dann den Terracotta verbessert fir de Porzeläin ze kréie wat am Fong den Ursprong ass vun deem wat mir haut benotzen. 

An Europa koum dee Porzeläin vill méi spéit?

Bis en an Europa komm ass, huet et gedauert bis an d'Joer 1709. Do war en Däitschen, de Johann Friedrich Böettger, deen huet dat an Europa bruecht an huet et och perfektionéiert. Zu där Zäit war de Porzeläin wierklech "das weisse Gold", wéi et oft gesot gouf, a war an de Kinnekshaiser a bei deene richteg räiche Familljen doheem. Déi normal Leit hunn nach ëmmer dunn aus eisene Kréi gedronk an op den hëlzene Brieder giess. 

Kaolin, Quartz, an Tounäerd sinn d‘Matière première, déi gebraucht ginn an der Produktioun. Den Aluminium Oxid suergt fir déi schéi creemeg wäiss Faarf. Schéin ausgesinn ass eng Saach, mä eis Tellere mussen och eppes aushalen. Do ginn et Critèren.

Also en Teller muss eppes aushalen, zemools déi an der Gastronomie, wat jo eist Geschäftsfeld ass. Do muss den Teller relativ zolidd sinn. E muss kanteschlaag sinn, dat heescht wa si widderenee stoussen, net direkt futti fueren. E muss kënnen an d'Mikrowell gesat ginn. E muss kënnen an de Salamander gesat ginn, do wou gratinéiert gëtt. Am léifste wier et och nach, wann en eroffält, dass en net géif briechen. Mä dat war natierlech net esou gutt fir eis. 


A genee an dëser Branche gëtt nach laang net alles maschinell hiergestallt?

Ganz vill vun Hand gëtt nach gemaach. Alles wat Kane sinn, Kaffi-, oder Téikanen oder Mëllechdëppercher, dat muss op der Hand gegoss ginn. Tasen ginn och nach op der Hand geschafft, Telleren, dat ass da scho méi maschinell. Mee wat ëmmer gemaach gëtt, ass d'Qualitéitskontroll um Enn, ass nach ëmmer vun engem Mënsch gemaach, dee säi Beruff kennt, an dee weess wat gutt ass a wat net.

An e klengen Tipp gëtt et dann awer och nach vum Expert.

Wann e mol heiansdo um Teller esou gro Sträifen huet, oder an der Taass vum ville Réieren esou e groe Rand? Do hëlt een de Cif, wéi am Buedzëmmer d'Scheiermëllech, an da muss e mam Schwamp eng Kéier derduerch fueren an e bëssche reiwen, da kritt een di gro oder schwaarz Sträifen och nees ewech. 

Merci Christian, alles iwwert d'Geschicht an d'Evolutioun vum Porzeläinsgeschier kënnt dir op radio.rtl.lu noliesen a lauschteren.