
© Patrick Greis
Dass mediterrane Kascht gesond ass, hu mer hei scho méi dacks betount. Dat heescht wann vill Geméis, Hülsefriichten, e bëssen Uebst, vill Fësch a wäisst Fleesch, Olivenueleg a wéineg Roudes op den Teller kommen, profitéiert d'Gesondheet. An nawell kënnt den Dr Marc Keipes, vum GesondheetsZenter op der Gare, nach emol drop zréck, well t'ass en Thema.
Op d'Antenne kënnt dës Metaanalys wéinst hirer Ampleur. Also eng Metaanalys ass eng Etüd déi eenzel méi kleng Etüden zesummefaasst, an dësem Fall 12, an doduercher kënne se d'Resultater vun 80.000 Leit ënnersichen. Am Verglach zum Grupp ouni speziell Regimesinstruktiounen war de relative Risiko vun der Mortalitéit duerch Häerzkreeslaferkrankungen 41% méi déif bei der mediterraner Diät. De fettaarme Regime huet guer keen Benefice bruecht an dee salzaarmen nëmmen e bësselchen.
Bei dëse grouss ugeluechten Etüden gëtt awer nach eppes däitlech.
Souguer an der 'Prévention secondaire' also bei Leit déi schonn eng Häerzkreeslafvirerkrankung hunn, dat waren zwar nëmme méi 7 Studien mat 5.800 Leit, huet déi mediterran Ernierung de relative Risiko ëm 61% verbessert en zweete Problem ze kréien, wat vill besser war wéi erhofft. Erëm war de 'Low Fat Regime' ouni grouss Wierkung. Et muss een also net ëm d'Mëttelmier erëm wunnen fir sech gesond ze ernieren an doduercher méi laang gesond ze bleiwen.