
© Patrick Greis
'Ziergras' ass eng Planz déi een ëmmer méi dacks bei eis an de Gäert fënnt. De Jeannot Lacour weess wat d'Virdeeler vun der Planz sinn, huet awer och Bedenken wann een op verschidde Saachen net oppasst.
Lampenputzergras 'Pennisetum'. Et gëtt en a verschidden Zorten méi héich, méi kleng, Pennisetum 'Hameln' zB oder Pennisetum 'little bunny'. Wou een e setzt ass schonn e wichtege Punkt, dat heescht ech soll se net grad an de Leem setzen, wou d'Waasser permanent um Fouss stoe bleift. De Risk dass déi Planz futti geet, ageet duerch d'Planzen vun de Wuerzelen well d'Waasser um Fouss steet ass ganz grouss.
Et soll schonn eng Plaz sinn wou d'Sonn gutt dru kënnt a wou de Buedem duerchlässeg ass. Eng Fro déi sech opdrängt wéini schneiden ech mäin Ziergras?
Majo et kann een déi virum Wanter schneiden oder nom Wanter. Wat wichteg ass, se muss geschnidde ginn sou Enn Mäerz, Ufank Abrëll spéitstens, well da kommen déi nei Schëss eraus an da mëschen déi sech mat den Alen an da gesäit dat net méi schéin aus. Da kritt ee se och net gutt geschnidden da schneit een déi nei mat. Dat heescht dir hutt Zäit se ze schneiden sou Oktober bis Ufank Abrëll spéitstens an där Zäit solle se schonn geschnidde ginn.