
© pixabay
E ganz anert Bild gëtt et op de Philippinnen, wou Chrëschtdag net just e puer Deeg, mee ganzer 130 Deeg gefeiert gëtt. „Pasko“ fänkt den 1. September un, a schonn dann ass alles mat Glitzer gerëscht. Shoppingzentere stelle riseg Beem op, an op Liichtpanneauen ginn d’Deeg bis den 24. Dezember ofgezielt. Am Dezember gëtt dann all Nuecht d’„Simbang Gabi“ gefeiert – traditionell Massen, déi vill Gleeweger als besonnesch wichteg empfannen. Wien all néng Massen matmécht, kann sech eppes wënschen.
A Mexiko gëtt et mat den „Posadas“ och eng Traditioun, déi e staarken historeschen Hannergrond huet. Hei gëtt d’Sich no der Krëppchen vu Maria a Josef nogespillt. Mat Käerzen a Lidder gi Leit vun Dier zu Dier a wéi an der biblescher Geschicht ginn si am Ufank fortgeschéckt. Mee um Enn gëtt d’Dier opgemaach an da gëtt mat „Tamales“ – enger Maismieldelikatess – Punch a Piñata gefeiert. Dës Traditioun huet seng Originnen an der Zäit vun den Azteken a gouf vun de spueneschen Augustinermönchen mat der Chrëschtdagsgeschicht verbonnen.
Ganz speziell, mä och ganz spannend, ass et a Japan. Do steet KFC am Mëttelpunkt vu Chrëschtdag.Déi Traditioun huet sech fest etabléiert. Chrëschtdag huet a Japan keng reliéis Bedeitung, mee vill Japaner reservéieren Wochen am Viraus bei KFC, fir hire Festmenü mat krupsegem Poulet ze sécheren. D’Chaine mécht, wie wonnert et, am Dezember hiert gréisste Geschäft vum Joer.
An an Europa do ginn et och speziell Traditiounen, wéi zum Beispill de Panettone. Deen ass an Italien net ewechzedenken. De liichten Hiefkuch mat Rosengen a kandéierte Friichte kënnt ursprénglech aus Milano, mee haut ass e weltwäit beléift. Dee gëtt a speziellem Pabeier gebak, dass en héich an opfälleg ausgesäit. Lescht Joer goufen iwwregens iwwer 20 Millioune Panettone verkaaft.

© pixabay
Ma och d'Fransouse si ganz schneekeg op deenen Deeg, hei kennt een d’„13 Desserts“, kléngt no ganz vill. Eng Traditioun aus der Provence, déi relativ einfach ass. Dës séiss Desserten erënnere mat hirer Zuel u Jesus a seng 12 Apostelen. Et gi Nëss, Mandelen, Figen, Roséngen an aner Knabbereien. Jiddereen muss eppes vun allem probéieren, fir Gléck am neie Joer ze hunn.
Apropos Gléck, a Spuenien spillen se fir Chrëschtdag Lotto. „El Gordo“, déi grouss Chrëschtlotterie, ass e richtegen Highlight. Si ass net nëmmen déi eelst Lotterie vun der Welt, mee mat 2,7 Milliarden Euro Ausbezuelung och déi gréisst. D’Zéiung war den 22. Dezember a si gouf live op der Tëlee iwwerdroen. Ganz Famillje kommen zesummen, fir dës Zeremonie ze kucken. Déi meescht kafen nëmme „Décimos“, dat si Zéngtellousen, fir datt méi Leit gewannen. Wien awer näischt gewënnt, huet de 6. Januar eng zweet Chance bei der „El Niño“ Lotterie.
An de Gnom "Nisse", dat ass deen, deen sech em d'Déiere bekëmmert, dee waart op Hellegowend an Norwegen virun der Dir op säin Huewerbräi als klenge Merci. Wann ee kee kritt, kann et mol sinn dass en der e puer Stëbst.

© pixabay