Nach bis den 29. Dezember hutt dir d'Zäit fir ze decidéiere wien den Titel Lëtzebuerger a Lëtzebuergerin vum Joer kritt. Jiddereen deen ofstëmmt huet d'Chance op eng Apple Watch a Wireless-Kopfhörer vu Bang & Olufsen. Ënnert den 10 Kandidatinne fir d'Lëtzebuergerin vum Joer ass och d'Presidentin vun der Association nationale des victimes de la route: Carine Nickels.

21/12/2024 Lëtzebuergerin vum Joer: Carine Nickels

Fir d’Carine Nickels huet sech am Joer 2012 op ee Schlag d’Liewen ëm 180 Grad gedréint. Duerch een Autosaccident war si vun elo un op ee Rollstull ugewisen a stoung virun enger immens grousser Erausfuerderung, fir sech zréck an d’Liewen ze kämpfen. 12 Joer méi spéit ass si Presidentin vun der AVR, der Association nationale des victimes de la route. Genee well si weess, wéi schwéier dës Lutte no engem Autosaccident si kann, setzt si sech mat vollem Engagement fir aner betraffe Leit an a bitt deenen eng Ulafstell, déi a schwéieren Zäiten Ënnerstëtzung um Wee vun der Besserung brauchen.