
© afp
Zanter 1955 ginn nei Guinness Weltrekorder opgestallt oder bestoender gebrach. Och dëst Joer sinn erëm ganz vill skurril Rekorder mat dobäi. Zum Beispill huet de Muhammad Rashid aus dem Pakistan an 30 Sekonne ganzer 169 Walnëss mam Ielebou futtigemaach oder de Kanadier Mike Jack huet innerhalb vun 3 Minutten 1,12 kg Hot Sauce giess.
Wa mir scho bei Iesse sinn: An Holland am "The Daltons Restaurant" gëtt et deen deierste Burger vun der Welt fir 5.686€. Mat drop sinn Homard, Kaviar oder Blatgold. Zwee Fransousen hunn d’Pizza mat deene meeschte Kéiszorten op der Welt gebak, et waren der am Ganzen 1.001. Esou richteg wësse wollt et dëst Joer de kanadesche Kach Wallace Wong. Hien huet direkt e puer nei Guinness Rekorder opgestallt. Ënnert anerem huet hie mat verbonnenen An, an 30 Sekonnen, 127 Scheiwe Knueweleck geschnidden.
Den Amerikaner Joel Strasser hat fir säi Guinness Weltrekord ganzer 600 BBQ-Spiisser am Bart. D’Spuenierin Loretta Antal huet kappiwwer 130 kg gehuewen, an zwar mat den Zänn. Dee gréisste Goldbarren op der Welt huet 300,12 kg an hei héiert dir deen häertste Räps vun enger Fra iwwerhaapt. Dat sinn 107,3 Dezibel.
Fir deen nächste Rekord braucht dir e bësse Virstellungskraaft. Eng Persoun läit um Buedem an huet den héije Wee eng Cornichong am Mond. Déi aner Persoun huet d’A verbonnen a schneid Cornichongsscheiwen – mat enger Motorsee! Dat huet den Inder Bir Kahlsa gemaach a mat 71 Scheiwen e Weltrekord erreecht.
Dëst Joer goufen och erëm etlech sportlech Guinness Weltrekorder opgestallt. D’Kanadierin DonnaJean Wilde huet mat 4:30:11 Stonnen net nëmmen dee längste Plank vun enger Fra realiséiert, mee och nach déi meeschte Pompele vun enger Fra an enger Minutt gemaach: 1.575.
Den US-Amerikaner Gary Kristensen ass 73,5 km wäit an engem Kürbis-Boot gepaddelt an an Neiséiland gouf et dee gréissten Haka op der Welt. 6.467 Leit hu matgemaach.