Wärend de Feierdeeg ginn a ville Famille virum Beemche gär emol e puer Chrëschdagslidder ugestëmmt. Beléift si Klassiker wéi «Stille Nacht» oder «O du fröhliche». Dat kléngt dann och meeschtens guer net esou schlecht – mee eben all Joers d’selwecht. Als Alternativ hei e puer festlech Lidder aus der Welt.

24/12/2024 Chrëschtdagslidder: Alternativen zu "Stille Nacht" an "O du fröhliche"

Wann a Schweden d’Famille ronderëm de Chrëschtbeemchen danzen, sangen se «Räven raskar över isen» - en traditionellt schwedescht Vollekslidd. Am Lidd geet et drëms, wéi Fiss iwwer gefruere Séien huschen. D’Original vu «Räven raskar över isen» ass aus dem Joer 1925. Mëttlerweil ginn et awer och e puer modern Versioune vum Lidd. Eng bezitt sech zum Beispill op de Klimawandel an am Text geet et drëms, dass d’Fiiss haut duerch de Séi musse schwammen, well d’Waasser net méi gefréiert.

An eise Géigende spillt den Iesel an der Chrëschtzäit éischter eng Nieweroll. D’Déier fungéiert just als Begleedung vum Kleeschen a vum Houseker, a muss schwéier Säck voller Nëss a Liefkuch um Réck droen. A Venezuela spillt den Iesel am traditionelle Chrëschtlidd awer d’Haaptroll. An «E Burrito de Belén» mécht den Iesel sech op de Wee fir op Bethlehem. D’Lidd huet sech mëttlerweil am ganze spuenesche Sproochraum verbreet, obwuel et réischt 1972 vum Hugo Blanco komponéiert gouf.

An Neiséiland gëtt Chrëschtdag am Héichsummer gefeiert, dat passend Lidd fir d’Feierdeeg heescht «A Pukeko in a Ponga Tree”. Dora sangen d’Neiséilänner iwwert hir National-Planz “Sëlwerfarn”, déi an der Maori-Sprooch «Ponga” heescht. Am «Ponga Tree» sëtzt den heemeschen a ganz faarwege Vull «Pukeko». Wéi dat sech fir Chrëschtdag gehéiert, kréien d’Sänger a Sängerinne vum Lidd dann och ganz vill Kaddoen: «Kumara», also Séiss Gromperen, Ënnersetzer aus Fluess, blénkeg Huhu-Käfer a fënnef fett Schwäin.

Wärend Natale an Italien ass ee bekannte Klassiker «Tu scendi dalle stelle», iwwersat heescht dat esouvill ewéi «du klëmms vun de Stären erof». De groussen italieenesche Sänger Andrea Bocelli seet ëmmer erëm, dass et säin absolutt Liblingschrëschtdagslidd ass. Am Text geet et ëm d’Arrivée vum Jesuskand, dat aus dem Stärenhimmel op déi wanterlech Äerd erofklëmmt. Natierlech huet och de Bocelli eng Versioun vun «Tu scendi dalle stelle”.