Kennt Dir dat? Den Telefon schellt, an um aneren Enn ass een, dee mengt, Äre Computer hätt e Virus, oder Ären Enkel géif dréngend Geld brauchen - och wann Dir guer keen Enkel hutt. D'Spëtzbouwe fir Telefons-Arnaquen si kreativ, mee et gëtt awer elo een, deen nach méi kreativ ass: d'Daisy. Dat ass eng kënschtlech Intelligenz vun O2, an si dréit de Spiiss ëm. Wéi? Si bréngt Krimineller einfach zur Verzweiwlung.

03/01/2024 KI mat Gedold an Humor - d'D(AI)sy schléit zréck

Krimineller setzen op Stress, Panik a séier Aktioun. Mee d'Daisy? Déi bleift ganz cool. Si ass esou programméiert, datt si d’Scammer net nëmme stoppt, mee och hir Zäit verschwent. D'Daisy, mat der Stëmm vun enger eelerer Bomche gëtt sech als frëndlech, e bësse vergiesslech Madamm aus, déi gär schwätzt - an domat bréngt si déi aner an der Linn lues a lues awer sécher ëm hir Gedold. Stell der vir: Du kriss gesot dass de eng Rechnung net bezuelt hues an Daisy äntwert: „Oh, wéi spannend! Dat erënnert mech un eppes - mäi Noper, deen huet och ëmmer Problemer mat sengen Rechnungen. Ah, an do ass och nach meng Kaz Fluffy…“ A scho sëtzt de Scammer an enger onendlecher Diskussioun fest.

RTL

© O2 Youtube Screenshot

Vill ginn no e puer Minutten genervt op, anerer probéieren hir Masch nach ëmmer duerchzezéie, bis se realiséieren, datt si an enger Dauerschläif hänken. An dat Bescht - déi meescht mierken net emol, datt si mat enger kënschtlecher Intelligenz schwätzen – Daisy kléngt einfach ze reell.

Firwat ass dat sou eng gutt Léisung? Ganz einfach: Esou laang wéi de Scammer mam Daisy beschäftegt ass, kann hie keen aneren ugräifen. Et ass wéi en „Hutt w.e.g nach e bësse Gedold“, mee mat vill méi Charme. D'KI Daisy weist, datt Technik net nëmme clever, mee och richteg witzeg ka sinn. O2 huet hei e richtege Volltreffer gelant an ech fannen, datt all Telefonscammer verdéngt huet, op dës Manéier eng Grëtz vun der Bomche genervt ze ginn.

Et ass eleng schonn gutt Iddi, fir op de Problem opmierksam ze maache, besonnesch fir eeler Leit. An déi kënne matmaachen andeems se d'Nummere vun deenen se ugeruff kréien un O2 weiderginn, esou dass d'Daisy sech mat honnerte Luusserte gläichzäiteg ënnerhale kann.

RTL

© O2 Youtube Screenshot