
© Photo by Richard Bell on Unsplash
De Guinness-Konsum a Groussbritannien ass eleng vu Juli bis Oktober vun dësem Joer ëm méi ewéi 20% an d'Luucht gaangen. Den Hiersteller Diageo kënnt net méi no mat der Produktioun - a ville brittesche Pubs gëtt de Stout-Béier knapps. Wouduerch gouf den Hype ëm Guinness ausgeléist? Gëtt et hei zu Lëtzebuerg nach genuch Guinness?
De Vincent ass de Chef vum "Eirelux", engem Irish Pub um Houwald. An der Moyenne verkeeft hien 42 Fässer Guinness am Mount. Hie géif de Béier direkt aus Irland geliwwert kréien an näischt vun engem Enkpass mierken. Hie wier awer och net esou ofhängeg vum Guinness wéi vill Pubs a Groussbritannien, well hie ganz vill aner iresch Stouts a Craft Beers géif ubidden: "Well, I don't see any problems. I think a lot of this is all hyped up by Guinness. Saying there's a shortage of this and a shortage of that is great publicity for the company. I don't see any shortage of Guinness. Unless somebody else is experiencing it, but I'm not having any problems."
Ee vun de Grënn fir den Hype vum däischtere Béier ass effektiv de Marketing. An där leschter Zäit hu bekannte Perséinlechkeeten ewéi d'Kim Kardashian oder den Jason Momoa Reklamm fir Guinness gemaach. Donieft ass d'Spill mam Numm "Split the G" op Social Media viral gaangen. Dobäi probéiert den Drénker de Béier-Peegel am Glas, mat senger éischter Schlupp, genee an d'Mëtt vum opgedréckte Guinness-Logo ze kréien: "That's all a gimmick. You get a group of lads, they're all putting a tenner on the table and the one who splits the G gets the money. That's what it's all about - it's a hype."
Vun deem Hype hält de Vincent net all ze vill, him wier et méi wichteg dass de Pint Guinness gutt schmaacht. Fir dass d'Konsistenz gewinnt crèmeg ass, d'Schaumkroun perfekt gëtt an de Béier net ze vill Spruddel huet, wieren e puer Facteuren entscheedend: Déi richteg Mëschung aus Stéckstoff an CO2, genuch Zäit loossen, eng Zapanlag mat kuerze Leitungen a reegelméisseg botzen. "We have pipes of one meter, whereas some people would have twenty meters to go from the cellar to where you pour it. That's the secret. And also it has all got to do with maintenance and cleaning. I clean, it happens every week, end of story. That's why we have the perfect pint here", seet de Vincent.
Och wann de Vincent de Guinness-Hype mat e bëssen Ironie hëlt, ass hien och e bëssen houfreg drop, dass en iresche Produit et a Pubs op déi ganz Welt gepackt huet: "It's a phenomenal product. If you think of how it all started in Dublin, it's still going today and it has become huge all over the world. You only can take your hat off to them, they got it right. Guinness provides a lot of jobs in Ireland as well. Pubs all over the world supply Guinness and it's all good at the end of the day. But it's down to marketing and money, don't forget that..."
Guinness gëtt et hei zu Lëtzebuerg also nach genuch. A glécklecherweis och Leit déi e richteg zape kënnen!