Black Friday, Cyber Monday an de 6. Dezember sinn déi Deeg, an deenen iwwer d’Joer gekuckt am Centre de Tri op der Post am meeschte lass ass, duerno ginn d’Zuele kuerz zeréck an da gëtt et nach emol virun de Chrëscht-Feierdeeg e bësse méi stresseg.

23/12/2024 Centre de Tri - iwwer 50.000 Päck an engem Dag

Zu Beetebuerg schaffen 200 Männer a Frae 6 Deeg an der Woch an dat 24h/24h. Den David Badois, Chef vun der Distributioun:

Wann een esou kuckt, d'Héichsaison geet normalerweis oder all déi aner Joren ëm dem 15. November un. Dëst Joer ass se schonn den 1. oder Ufanks November ugaangen, wou mer schonn Zuelen erreecht hunn, iwwer 40.000 Päck. Dat heescht huet een awer gesinn, datt d'Leit wierklech ganz vill bestellen. Black Week, do hu mer wierklech de Rekord erreecht. Mee ech géif soen, d'Leit bestellen awer scho méi fréi wéi lo Cyber Monday oder Black Friday.

Bréiwer oder Kaarte ginn ëmmer manner verschéckt. An der Moyenne brauch e Stot zu Lëtzebuerg nach just 4 Timberen. Wéi fänkt d'Post dat op?

Mat de Päck, ech mengen Dir gesitt et jo, dofir setze mer wierklech déi lescht Zäit wierklech ganz vill alles op d'Päck, dass mer wierklech de Maximum kënnen um Päck verschaffen, fir och eise Chiffre d'affaires opzesëtzen.

Päck verschécken ass och net méi deier wéi soss:

Nee, mir hunn eis Offer sou gesat, dass mer wierklech eis Clientë kënnen e bessere Produit ubidden, dat d'Clientë kleng Päckelcher kënne verschécken.

An an der Moyenne sinn et an der Héichsaison iwwer 50.000 Päck den Dag, déi zu Beetebuerg am Centre de Tri mussen zortéiert ginn.