Muer wäerten d'Fitnesszentren nees iwwerlaf sinn, well all Joer steet jo un der Spëtzt vun den fromme Wënsch fir d'neit Joer, e puer vun de Kiloen, déi een aus dem ale Joer mat eriwwer geplënnert huet, ze verléieren. De Marc Keipes, Dokter am GesondheetsZenter op der Gare weess wéi dat mam Ofhuelen dëst Joer funktionéiere kënnt.

Fir dass et mat der Bikinifigur klappt, gëtt et zwou Méiglechkeeten. Entweder plakeg bleiwen a keen undoen, oder e bësschen mental Stäerkt beweisen. Jo, ofhuelen ass méi wéi manner iessen a sech méi beweegen. Bei 10kg ofhuelen, kann Sport an der Moyenne nëmmen 1,5 bis 2kg ausmaachen. Dacks hëlt een mat just Sport veränneren, ouni Changement am iessen, zwar e bësschen Fettmass of, an dat ass gutt sou a gesond, mee gläichzäiteg kënnt e bësschen Muskelmass bäi, wat sech dann halt op der Wo ophieft. Ernierung, wier dann fir déi aner 8kg verantwortlech.

Dr Marc Keipes - ofhuelen - Theorie

Souvill zur Theorie, an elo komme mer bei d'Praxis. Wat ass dann elo dee perfekten Regime fir ofzehuelen?

Eigentlech schéngt et egal ze sinn op der léiwer 'Low-Carb' oder 'Low-Fat' wëllt maachen. Et muss déi Ernierung sinn, déi iech esou gutt schmaacht, dass der se e Liewen laang kënnt anhalen, dann fält et mat der Disziplin och vill méi liicht. Kleng konkret Schrëtt plangen ass wichteg. Net einfach soen, ech wëll 25kg ofhuelen. Neen, gitt Iech en Datum, zum Beispill a 6 Wochen, an e machbaart Ziel, zum Beispill 3kg. Och mat klenge Schrëtt kënnt een op en héije Bierg. An all Tëschenerfolleg stäerkt d'Psyche an déi weider Disziplin. Versicht keen Perfektionismus. Wann et dann awer nëmmen 2,6 kg sinn, ma am Plaz enttäuscht ze sinn, belount iech fir déi Reussite. Fuert weider, da bleift der gesond.

Dr Marc Keipes - ofhuelen - kleng Schrëtt