Haut huele mir eis e Moment Zäit, fir e Gebuertsdag ze feieren - oder besser gesot, nozefeieren, well gëschter ee ganz speziellen Trompettist seng 50 Käerzen ausgeblosen huet. Wien dat ass? Ma eng Ikon vum Kanner Tv, eng Figur, déi ëmmer léif, spilleresch an e bëssen flappseg ass. Mir schwätzen iwwer de bloen Elefant aus der Sendung mit der Maus! Wéi huet déi aussergewéinlech Karriär ugefaangen? Wéi ass d'Maus zum Elefant komm? A firwat war déi Frëndschaft esou eppes Besonnesches, Michèle Schons?

06/01/2025 Blo, frech a 50 - de bloen Elefant feiert Gebuertsdag

Komm mir maachen eng kleng Zäitrees zréck an d’Joer 1975. De Westdeutsche Rundfunk, kuerz WDR, hat schonn zënter 1971 d’Maus als de Star vun der Sendung. Mä no véier Joer eleng op der Bün koum d’Iddi op, datt si e Frënd kéint gebrauchen. Do war de bloen Elefant gebuer. Wéi den Elefant de 5. Januar 1975 fir d’éischt an der Sendung mit der Maus opgetaucht ass, war et bal wéi e Coup d'état: Mat engem Schëld, op deem „Die Sendung mit dem Elefanten“ stoung, huet hien ugekënnegt, datt hien d’Sendung iwwerhuele géif. D’Maus huet awer direkt kloer gemaach: Hei ass meng Sendung, an do gëtt net dru gerëselt.

Et war also en Ufank voller Spannung a Konkurrenz. Mä et ass net dobäi bliwwen. Ganz am Géigendeel. Déi zwee hunn eppes fonnt, wat méi wichteg ass wéi Rivalitéit: Frëndschaft. De Friedrich Streich, den Trickfilmer an de „Papp“ vum Elefant, huet säi Charakter sou entworf, datt hie perfekt zur Maus passt an awer anescht ass. Wärend d’Maus orange ass - eng waarm an opfälleg Faarf - ass den Elefant blo, d’Komplementärfaarf. D’Maus ass clever a organiséiert, si fënnt ëmmer eng Léisung duerch Wëssen a Logik. Den Elefant dogéint ass méi spontan, mënschlech, naiv a spilleresch - e richtegt Kand am Géigesaz zu der Maus, déi e bëssen eppes vun engem Schoulmeeschter huet.

Dës Géigesätz hunn d’Maus an den Elefant zu engem onvergiesslechen Duo gemaach. Den Elefant huet sech séier an der Sendung etabléiert an zwar mat sengem eegene Stil. Grad dat mécht hien och fir Kanner esou interessant. D'Quoten hu gewisen, datt den Elefant net nëmmen akzeptéiert gouf, mä séier immens beléift war. Am Juli 1975 huet de WDR offiziell matgedeelt, datt d’Maus den Elefant akzeptéiert hätt. An de Joren dono huet den Elefant a méi wéi 350 vun de berüümte „Spots“, den Trickfilmer vun der Sendung mit der Maus, matgespillt. Mä och wann hie sou prominent war, huet et bis 2007 gedauert, bis hien endlech seng eege Sendung krut: „Die Sendung mit dem Elefanten“. Dës Sendung riicht sech un déi ganz kleng Spillschoulskanner, déi nach vill méi spilleresch an entspaant léieren.

Fir säi 50. Gebuertsdag, huet de WDR eng speziell Jubiläumsepisode erausbruecht. Dës ass an der ARD-Mediathek ze gesinn. Och wann den Elefant seng Plaz fonnt huet, huet hie sech ni verännert. Hien ass nach ëmmer dee spillereschen, sympatheschen an authenteschen Tollpatsch, deen hie schonn 1975 war.