
© afp
Calvin Harris, Tenacious D, Silbermond, Paolo Nutini oder Deep Purple ware just e puer vun de Concerts-Highlights dëst Joer hei zu Lëtzebuerg. Dëst Joer komme Guns N' Roses eis besichen, ma mir verrode iech wéi eng aner Concerten dir 2025 och op kee Fall verpasse sollt!
D’Joer fänkt direkt gutt un: Samschdes de 25. Januar ass de Luxembourg Song Contest an der Rockhal. Sidd mat dobäi wa Rhythmic Soulwave, Luzac, Rafa Ela, Laura Thorn, Mäne, One Last Time a Zero Point Five ëm d’Startplaz fir Lëtzebuerg um ESC zu Basel kämpfen. À propos ESC: Am Februar spille One Last Time an d’Tali hir eegen Headline Shows am Club vun der Rockhal an am Atelier.
2025 kommen och vill gutt Kënschtler aus eisen Nopeschlänner op Lëtzebuerg. Ënnert anerem spillen Jupiter Jones a Joris opderschmelz an d’Louane kënnt am November an d’Rockhal. Sonndes den 2. Februar kënnt dann endlech de franséische Star Gims an d’Rockhal. Vill Tickete sinn net méi do.
Weider grouss Acts déi d’nächst Joer op Lëtzebuerg kommen: D’Dauergäscht Toto, Nothing But Thieves, Bullet for My Valentine, Milow, Bonnie Tyler oder d’Nina Chuba.
Séchert Iech hei Är Tickete fir Concerte vun der Rockhal!
Den absolutten Highlight vum Concertsjoer 2025 ginn awer d’Open Air Shows am Summer! Um Luxepo Open Air ass wierklech fir all Museksgoût eppes dobäi: D’Ouverture mécht den 30. Juni déi ikonesch Punk-Rock-Band Green Day. Duerno komme mam Sting, Martin Garrix an Justin Timberlake dräi vun deene gréisste Kënschtler iwwerhaapt. Och de Rapper Damso kënnt op Lëtzebuerg.
E bësse méi alternativ Open-Air-Shows ginn et ufanks Juli an der Abtei neimënster. Nieft Meute a Fontaines D.C. spillt déi franséisch Newcomerin Zaho de Sagazan. Fir den Hierscht 2025 si bis elo ënnert anerem Jason Mraz, Querbeat an Electric Callboy programméiert.
Séchert Iech hei Är Tickete fir Concerte vum Atelier!
Ënnert anerem huet den Trifolion och nach den Nico Santos fir den Echterlive Festival ugekënnegt, a natierlech kommen Guns N' Roses op de Luxexpo Open Air!