
© Hergé/Tintinimaginatio - 2025
Viru ronn 90 Joer ass dem Tintin seng Aventure a China, "Le Lotus Bleu" eng éischte Kéier erauskomm. Elo kënnt d'Originalversioun vun där Bande Dessinée nach ee mol nei eraus, dës Kéier faarweg.
Et ass déi direkt Suite vum Album "Les cigares du Pharaon", wat och déi éischt Tintin Aventure war, déi sech iwwert zwee Albume gezunn huet. Där sollten der nach e puer nokommen, mam "Secret de la Licorne" an dem "Trésor de Rackam le Rouge", de "Sept boules de Cristal" an dem "Temple du Soleil" a virun allem dem "Objectif Lune" an "On a marché sur la lune".
Et war och dee fënneften Album an aus der Serie, mä virun allem war et deen éischten Album aus där ganzer Serie, fir deen den Hergé sech vum Afloss vum Abbé Wallez geléist huet, a méi dokumentéiert huet. Déi éischt Episoden "Tintin au Pays des Soviets", "Tintin en Amérique" an "Tintin au Congo" waren immens staark vun enger Ideologie gepräägt, vun där den Hergé sech definitiv mam Lotus Bleu geléist huet.
Dat läit ënnert anerem dorun, datt hien engem chineesesche Student begéint ass, deen deemools zu Bréissel studéiert huet. Den Tchang Tchong-Jen, huet den Hergé kontaktéiert, nodeems hie matkrut, datt déi nächst Tintin Aventure a China géif spillen. Hie wollt evitéieren, datt déi typesch Klischeeën iwwert China an déi Aventure géife mat afléissen, an huet seng Hëllef ugebueden.
Doraus huet sech eng Frëndschaft entwéckelt, an den Tchang ass ee Personnage am Album ginn, dee vum Tintin gerett gëtt. An engem spéideren Album gëtt déi Frëndschaft nach eemol méi wichteg, wéi den Tintin an den Tibet reest, well hien iwwerzeegt ass, datt säi Frënd Tchang ee Fligeraccident iwwerlieft huet, vun deem d'Autoritéiten awer ausginn, datt et keng Iwwerliewend gëtt.
D'Originalversioun, déi virun 89 Joer als Album erauskomm ass, nodeems d'Geschicht virdru schonn an der Zeitungsbäilag "Le Petit Vingtième" publizéiert ginn ass, hat 124 Säiten a war komplett schwaarz-wäiss. Nom zweete Weltkrich ass den Hergé higaangen an huet all déi al Aventuren, déi hie bis dohi realiséiert hat, nach eemol nei gezeechent, déi Kéier och faarweg, an d'Geschicht op dat klassescht Albumformat vu 64 Säite gekierzt.
Déi nei Editioun déi elo erauskomm ass, proposéiert d'Originalversioun vun der Geschicht, also 124 Säiten, déi och gefierft gi sinn. Donieft gëtt et ee Préface an deem den Tintin an Hergé Spezialist Philippe Goddin och nach eemol op dëse wichtegen Album ageet. D'Titelbild ass hei och net deen ikonesche rouden Deckel mam Draach a mam Tintin deen aus der Vase erausluusst, mä ee Bild aus der Geschicht, an deem den Tintin un eng Dier klappt. Wien d'Geschicht kennt, weess natierlech, wat sech hannert där Dier verstoppt.
A wien nach méi iwwert de Lotus Bleu an d'Frëndschaft tëscht dem Hergé an dem Tchang wëll gewuer ginn, dee kann d'Biographie "Tchang Tchong-Jen - artiste voyageur" liesen, déi parallel zum Lotus Bleu erauskënnt. Déi ass Dominique Maricq, deen an den Archive vum Studio Hergé geschafft huet, an der Duechter vum Tchang, dem Yifei Tchang, geschriwwe ginn. Hei gëtt d'Liewe vum Tchang, dee Sculpteur war, a sech ëmmer dofir agesat huet, Brécken tëscht Asien an Europa ze bauen, mat vill Dokumenter beschriwwen.
Le Lotus Bleu am Originalformat mat am Ganzen 144 Säiten a faarweg, an d'Biographie vum Tchang si bei den Editions Moulinsart a Casterman fir 23 respektiv 25 Euro erauskomm.