
2001 gouf et déi éischte Mini-Entreprise zu Lëtzebuerg. Dëse Programm gouf vun de "Jonk Entrepreneuren" an d'Liewe geruff. En adresséiert sech un all Schüler tëscht 16-19 Joer an de Lycéeën. Wärend engem Schouljoer kënne si eng Entreprise am Mini-Format grënnen an esou d'Fonctionnement vun enger Entreprise vun A -Z kenneléieren.
Wat aus esou enger Mini-Entreprise entstoe kann, gesäit een um Spill Rescue Rush, wat vu sechs Schüler vun der 2ième Classique Informatique aus dem Lycée des Arts et Métiers entworf gouf. Et ass e pedagogescht éischt Hëllef Spill, entwéckelt fir de Kanner d'Basis vun Éischt Hëllef bäizebréngen.

© RTL
Hir Missioun: Ambulanze sollen an engem Noutfall idealerweis bannent 7 Minutten ukommen. Vill Noutriff betreffe kleng Wonnen, déi mat grondleeënder Éischt Hëllef behandelt kënne ginn. Rescue Rush erméiglecht Kanner, éischt Kenntnisser fir Éischt Hëllef duerch e flott an engagéiert Brietspill ze léieren.
Opgebaut wéi e Brietspill fueren d'Spiller als Ambulanz duerch Lëtzebuerg. Komme si bei engem Patient un, gëtt eng vun 100 verschiddenen Asaz-Kaarte gezunn, op deene steet, wéi si de Patient musse behandelen. A Form vu Kaarten hu si verschiddent Material an der Hand, mat deene si nom Patient kënne kucken - alles Saachen, déi een an enger Éischt-Hëllef-Trousse fënnt. Fir all "richtege Gest" ginn et Punkten a wa si e Patient an d'Spidol bréngen, kréie si zousätzlech Punkten dobäi. D'Kanner sollen dobäi "fundamentaalt Wëssen" vermëttelt kréien a motivéiert ginn, e richtege Cours fir Éischt Hëllef ze maachen.

© RTL
Entwéckelt a produzéiert hunn d'Schüler "Rescue Rush" zesumme mat der Fondatioun Kräizbierg. An hirer Imprimerie ginn ënnert anerem d'Spillkaarten, d'Spillbriet, d'Reegelbichelchen an d'Këscht hiergestallt. D'3D-Figuren an d'Wierfele gi vun de Schüler selwer am 3D-Printer gedréckt.
D'Spill Rescue-Rush kann een elo scho virbestellen. Nieft dem Brietspill entwéckelen d'Schüler vun der Mini-Entreprise awer och eng digital Versioun vu "Rescue Rush", déi am Fréijoer elo soll erauskommen.
Méi Informatiounen zum Spill "Rescue Rush", fannt Dir um Site vun der

© RTL