© wellplanzen.lu
D'Nofro vun den heemesche Wëllplanze klëmmt, an dat zu Recht: Si gesinn net nëmme schéin aus, ma bidden och ville Bestëbser Fudder a Liewensraum a fërderen d'Aartevillfalt. Ënnert dem neien Zertifikat Wëllplanzesom Lëtzebuerg-Stauden ginn ab dësem Joer Wëllstaude mat lokaler Qualité d'Origine no ekologesche Krittäre produzéiert a verkaf. Leschte Méindeg war op der Schock zu Réiden eng Pressekonferenz, wou de Projet virgestallt gouf.
D'Qualitéit gëtt duerch reegelméisseg Kontroll séchergestallt. Hei gëtt gepréift op all déi Krittären agehale ginn. Déi zertifiéiert Somkären a Stauden sinn um Qualitéitslabel z'erkennen. D'Somkäre ginn et scho méi laang, d'Staude kommen elo derbäi, Vanessa Duprez vun der Wëssenschaftlecher Sektioun bei Sicona:
An do fänke mer un. Mir ginn, zesumme mat weidere Botaniker aus deene verschiddene biologesche Statiounen hei am Land an d' Naturschutzgebidder de Som sammelen. Do hale mer eis u Reegelen natierlech, déi virgeluecht si ginn, fir dass mer och net de Bestand kënne beaflossen. A mir hunn do natierlech och eng Geneemegung vum Ëmweltministère. Dee Som, déi mer sammele gaange sinn, dee botze mer iert mer en de Gäertnereien weiderginn. Si zillen aus dem Som Jongplanzen op. Déi Jongplanze kënnen entweeder da vun de Baueren an d'Feld gesat ginn oder et kann een déi Jongplanzen eebe benotzen, fir weider nach Stauden dorausser ze maachen.
© wellplanzen.lu
De Som ass op Kulture vun de Baueren ugeplanzt ginn, wou dann herno och Som recoltéiert gouf.
An dee Som gëtt gebotzt an zesummegestallt an dorausser entsteet dann eng Mëschung. An déi Mëschung, déi huet iwwer 20 Aarten an et kann een eeben deen ausséinen an dann entsteet aus deem Som eng Blummewiss. Elo hu mer d'Stauden, déi si schonn an der Gäertnerei opgezillt ginn. Do huet een net méi déi renge Som, wann ee kafe gitt, mee et huet een eng Planz. An et ass eng Planz, déi mehrjäreg ass. Dat heescht, déi setzt een an e Beet an déi bleift dann e puer Joer. Si zitt sech natierlech iwwert de Wanter erëm zréck an da kënnt se all Joers erëm zréck an dann huet se e schéin bléienden Effekt.
© wellplanzen.lu
Déi grouss Diversitéit vu Wëllstaude begeeschtert mat senger Schéinheet net nëmmen de Mënsch, ma och en etlech ganz wichteg Insekten a Bestëbser. Wat nach interessant ass, dass och al oder fréier Zorten nees zeréckgeziicht ginn.
Jo, oder déi zumindest mol gefäerdet sinn. Dat heescht, do hate mer iwwert de Wiesensalbei rieds. Dat ass eng Aart, déi, déi een net méi esou vill fënnt. Et kritt ee se natierlech nach an engem Baumaart oder esou ze kafen. Mee da sinn dat meeschtens net déi Wiesensalbeier, déi hei natierlech virkommen an déi eeben dann vläicht als Zierstaut opgezillt si ginn. A mir probéieren och iwwert de Projet déi Aart an eis oppe Gewan awer och an de Sidlungsberäicher erëm anzeféieren an ze fërderen.
© miSchons
© miSchons
Wann dir och an ärem Gaart dat liewegt Dreiwe vun Insekten, Päiperlécken a Vullen nokucken-, esou wéi och déi schéi faarweg Bléie genéisse wëllt, da kënnt der Iech op der Internetsäit vum Wëllplanzesom Lëtzebuerg informéieren, op där der d'Verkafsplaze vum Som an de Staude fannt.
© miSchons