
© Pixabay
Wéi de Clint Eastwood am Film Escape from Alcatraz haten de Frank Morris an d'Bridder Anglin hir Flucht méintelaang, esouguer jorelaang virbereet. Mat ganz vill Aarbecht haten si en Tunnel an hirer Zell gegruewen, sinn iwwert d'Prisongsmauer geklotert an engem Boot, aus Reemäntel zesummegefléckt an d'Waasser gaangen. Réischt den anere Moien hunn d'Giischtercher gemierkt, dass eppes net stëmmt. Wéi se de Morris an d'Bridder erwäche wollten, hunn se Attrappen am Bett fonnt.

© Pixabay
Ëmmer nees hat d'Direktioun awer betount, dass eng Flucht vun Alcatraz onméiglech wär. All Prisonéier, deen et bis dohin iwwer d'Mauere gepackt hat, ass duerch déi staark Stréimung oder duerch dat kaalt Waasser erdronk. Vum Frank Morris a senge Kolleegen, sinn ni d'Läiche fonnt ginn. Och net no 63 Joer. Nach e ganz interessante Personnage op Alcatraz war de Birdman, de verurteelte Robert Stroud, dee fir seng Etüden iwwer Vulle bekannt gouf. An senger Haft hat en e puer Fachbicher iwwer Vulle geschriwwen, déi an der Fachwelt unerkannt goufen. 1962 koum de Film "Birdman of Alcatraz" eraus, dee seng Geschicht erzielt huet. Dem Burt Lancaster seng Duerstellung vun engem doucen ale Mann hat allerdéngs net vill mat der Realitéit ze dinn.

© Pixabay
Scho laang steet de "Rock" - also de Fiels - als Musée an als Bréiplaz fir vill Villercher ënner Denkmal- an Naturschutz. All Joer komme méi wéi 1,4 Milliounen Touristen aus der ganzer Welt an am Summer sinn d'Touren dacks wochelaang ausgebucht. Déi kal monoton Zellebléck mat de raschtege Gitter-Diere suergen haut nach fir eng Héngerhaut. D'Flucht vum Morris an den Anglin Bridder war iwwregens deemools de leschten Ustouss fir Alcatraz zouzemaachen, wat duerch de Justizminister Robert F. Kennedy den 21. Mäerz 1963 ëmgesat gouf. Déi dräi Prisonéier goufen ni méi gesinn. Déi amerikanesch Instanze ginn dovunner aus dass d'Männer erdronk sinn.

© Pixabay