
Et ass ee vun de bekanntste Symboler vun der Weltpolitik: D'Air Force One – de Fliger vum amerikanesche President. Ma dëst suergt elo fir Diskussiounen, well den Donald Trump en Ersatz vu Katar ugebuede krut. Mee wéi gesäit dës fléiend Kommandozentral aus? A wéi huet se sech iwwer d’Joerzéngte verännert? Dat erzielt eis Céline Spithoven
D’Rees huet ugefaangen 1962, wéi de President John F. Kennedy als éischten an enger speziell equipéierter Boeing 707 – der berüümter SAM 26000 – geflunn ass. Et war den Ufank vum Mythos ‚Air Force One‘.

1990 koum dann déi Air Force One, déi mir haut nach kennen: zwou VC-25A, et si modifizéiert Boeing 747-200B. Si sinn héichsécher, mat Lofttankung, kommunikativer Kontroll, an der Kapazitéit, eng ganz Regierung aus der Loft eraus ze féieren.

Mee d’Zäit huet sech geännert. Aktuell gëtt un enger neier Versioun geschafft: Der VC-25B, baséiert op der moderner Boeing 747-8. Méi grouss, méi ekonomesch, mat Cyber-Schutz, Anti-Rakéite-Systemer an neisten Technologien. Dës nei Fligere sollen deemnächst déi al ersetze – mee si sinn nach net fäerdeg. An do kënnt eng ongewéinlech Offer an d’Spill.
Den US-President Donald Trump kritt eng voll equipéiert Boeing 747-8 vun der Regierung vum Katar ugebueden – als provisoresch Air Force One. E Prestigejet, ursprénglech fir déi kataresch Scheichfamill gebaut. Luxuriéis, mat zwou Schlofkummeren, Buedzëmmeren, 9 Toiletten, e private Büro, Konferenzsäll a Weideres.
Den Donald Trump huet d’Offer als generéis an transparent bezeechent. Mee amerikanesch Juriste warnen: sou e Geste kéint géint d’Verfassung verstoussen – d’Emoluments Clause verbitt Politiker, Kaddoe vu frieme Regierungen unzehuelen, ouni Kongresszoustëmmung.“ Den Donald Trump war a senger éischter Amtsperiod schonn an 3 Punkten ugeklot ginn, well hie géint dës Klausel soll verstouss hunn. An et muss ee bedenken, dass et em immens deiere Kaddo ass, de Luxusjet huet e Wäert vu ronn 400 Milliounen Dollar. Zousätzlech feelt et dësem Jet nach un all de militäresche Sécherheetsfeatures, déi eng richteg Air Force One muss hunn. Den Trump iwwerdeems mengt, ech zitéieren, et wier domm, esou en deiere Fliger, deen näischt kascht, net unzehuelen.