Mat der Ënnerstëtzung vun der André Losch Foundatioun. Dat liest an héiert e méi dacks. Och "Take Off Science Challenge Show" bei eis op der Telé gehéiert dozou.

Wien André Losch seet, dee weess dass dee natierlech zu Liefzäiten, bis 2016, de Grupp Losch geleet huet, woubäi mir da bei den Autoe wären.
An do gëtt et eng Losch Collection mat deels privaten Old a Youngtimer déi den André Losch selwer gefuer ass.
De Christian Schmit konnt sech déi Kollektioun ukucken, déi geschwënn och accessibel fir de Public ass.   

06/06/2025 Losch Collection (MAT USO)

An hat dowéinst Rendezvous mat hirem Conservateur vun der Kollektioun, de Claude Horsmanns. Hei gëtt Passioun fir de Patrimoine automobile gelieft?
Jo. Ech hunn d'Missioun kritt fir di Kollektioun ze pflegen an se weider auszebauen. Dat am Sënn vun alen Autoen, oder Autoen déi wichteg ware fir de Grupp Losch. 

Nostalgie a Raritéiten parken hei niefteneen. Modeller déi jidderee vun eis kennt, an och ganz onbekannter?

Mir hu verschidden Autoen déi ware nach bereet fir ze fueren, déi hu mir just missdten umëllen an hu mir och gemaach. All Auto ass prett fir ze fueren. Do sinn der awer och dobäi déi mir restauréiert hunn vu Grond op, an déi ginn och elo beweegt. Do geet et u mat engem Käfer vun 1948. Dat ass e vun den éischten Autoen déi LOSCH importéiert huet nodeems si de Kontrakt zu Wolfsbuerg ënnerschroiwwen haten. Dee gehéiert zu eise gréisste Schätz vun der Kollektioun. Deen Auto steet hei, ass komplett restauréiert. Da gi mir eriwwer bei d'Porsche Kollektioun, wou mir en 356 hunn, an dann hu mir natierlech en XL 1 hei stoen. 

Den XL 1, wann e mat deem Auto gefuer kënnt, da mengen d'Leit et wär e vum Mound geland. De Ferdinand Piëch hat deen deemols an Optrag ginn, dat war säi Bébé eigentlech. Dee sollt nëmmen 1 Liter verbrauchen, an dat ass och gelongen. Där Autoe gëtt et 200 Stéck op der ganzer Welt.

RTL

RTL

An ee vu menge perséinleche Liblingsautoen gehéiert och dozou, e Porsche 928, an deen hunn ech esouguer dierfe fueren.

Indirekt profitéiert di Losch Collection och vun der André Losch Fondatioun?

Den André Losch huet d'Fondatioun séngerzäit mat sengem beschte Kolleg dem Jean Hoss gegrënnt, déi als Zweck huet  Resultater déi aus de Losch Betriber kommen, fléissen an di Fondatioun dran. An déi réinvestéiert déi nees zeréck an d'Land, sief et fir de Bau vu Schoulen an aner karitativ Zwecker. 

An dofir gesäit een och Autoen déi vun der Stëftung gestëft gi fir divers Projeten uechtert d'Land ze ënnerstëtzen.

RTL
RTL

D'Stëftung huet eng Partie Projeten déi si ënnerstëtzen, a natierlech da wann et néideg ass a wann et passt dann ass dat ëmmer e flotte Geste fir en Auto dann do mat anzebannen.

Ab 1. Juli geet de GRIDX Komplex offiziell op. Mir bauen eng ganz flott Ausstellung an do kommen all di Autoen di hei an dëser Hal stinn dohinner fir de Public dann och ze gesinn.

RTL
RTL
RTL
RTL