
© pixabay (AI generated)
Fir. dass alles leeft wéi et soll, brauche mer Vitaminnen. Si si quasi den Ueleg fir de Motor am Kierper an et ginn der insgesamt 13, déi och ganz. ënnerschiddlech Aufgaben an eisem Stoffwiessel iwwerhuelen. Ma wou fanne mer déi verschidde Vitaminnen a wat fir eng Funktiounen hunn se fir d'Gesondheet? Op dat Thema gi mer an den nächste Wochen ëmmer Dënschdes Moies op dëser Plaz an.
Fir gesond a fit ze bleiwe, brauch de Kierper genuch vun alle Vitaminnen. Genee esou wéi de Kierper Mineralstoffer mam Iessen ophëlt, liwweren d'Vitaminnen zwar keng Energie, ma si erfëllen awer wichteg Aufgaben. De Generalist Dr. Nico Haas:
"Vita" - d'Liewen, an Aminnen, déi een liewenslänglech brauch, déi ee vu bausse muss kréien, well de Kierper se net kann hierstellen, an déi Vitaminne hunn alleguerten eng Funktioun. Wann een déi net huet, da geet de Mënsch ënner, da stierft en sécher. Ouni déi kann en d'Nerven net sech entwéckelen, kënnen d'Bluttzellen sech net entwéckelen, gesäit een net esou gutt, ginn d' Schanken, de Kallek lass, an esou weider an esou virun. Also et sinn liewenswichteg Saachen, déi am Kierper villes bewierken.
En ginn insgesamt 13 Vitaminnen, déi sech an 2 Gruppen opdeele loossen: waasserléislech a fettléislech Vitaminnen. Fir gesond ze bleiwe brauche béides. Dr Marc Keipes aus dem Zitha Gesondheetszentrum vun den Hopitaux Robert Schumann:
Fettléislech ass A, D a K. Déi gi besser opgeholl, wann ee se mat eppes Fettegem ësst, also sief et e bësse Ram oder Kéis oder Ueleg. An déi Waasserléislech ginn eebe besser opgeholl, wa se am Waasser oder am Geméis zum Beispill opgeholl ginn. De groussen Ënnerscheed ass deen och, dass déi Waasserléislech, wann een et soll ze vill hunn, och kënnen erëm eliminéiert ginn. Iwwert den Urin, wougéint déi Fettléislech sech an eisem Kierper géifen usammelen, wa mer e se ze vill géifen zou eis huelen.
Eemol queesch duerch de Gaart vun A bis K. Mir brauchen d'Vitaminnen all. De Besoin ass awer vu Mënsch zu Mënsch verschidden. Well se fräi verkeeflech sinn, kann een och ze vill Vitaminnen zou sech huelen, well d'Meenung ass jo ëmmer wat méi wat besser:
Do huelen ech dann ëmmer d'Beispill vum Auto. Also wann een elo einfach esou ouni Grond Ueleg noschëtt an de Motor vum Auto, geet den Auto net forcement besser. Wann een e Mangel huet, wann es feelt an et schëtt een Ueleg no, dat hëlleft schonn. Awer wann een es genuch huet, hëlleft d'Noschëdden eigentlech guer näischt.
Wann een normal ësst, e bësse Geméis, e bëssen Uebst, e bësse Fleesch, dann huet een alles. Et muss een dofir keng sechs Bifdecker d'Woch iessen, mee een d' Woch geet duer an do ass haaptsächlech Vitaminn B12 dran.
Eng éischte Kéier entdeckt goufen d'Vitaminnen als liewenswichteg Stoffer duerch Mangelerkrankungen. Wat déi eenzel Vitaminne bewierken a wou mer se fanne, gitt der wéi gesot Dënschdes Moies bei eis gewuer.

© pixabay