
© pixabay
Am bekanntsten ass, dass dee Vitaminn sech op d'Aen an op d'Séikraaft auswierkt. Dat ass awer nach laang net alles, Dr Marc Keipes aus dem Zitha Gesondheetszentrum vun den Hopitaux Robert Schumann:
Am beschte kenne mer bestëmmt de Beta - Carotin, dat ass eng Virstuf, déi dann am Daarm zu Vitaminn A geformt gëtt, mee verschidden Vitaminn A Preparater kenne mer awer och fir d'Haut wéi de Roaccutane, dee gutt ass géint Akne.
Duerch e Mangel u Vitaminn A kann et sinn, dass een Owes méi schlecht gesäit, wat awer relativ seelen an eise Géigende virkënnt. Parconter ass en Iwwerschoss u Vitaminn A och net gesond:
Dat ass am Fong geholl fonnt ginn, well bei Fëmmerten zum Beispill d'Zuel vun Longekriibser méi héich ass bei Leit, déi Iwwerschoss u Vitaminn A haten. Och déi Ofwandlunge vum Vitaminn A, wéi gesot, wéi an deem Aknemedikament, ka bei Schwangerschaften zum Beispill zu Malformatioune vum Puppelche féieren. Also Vitaminn A net iwwerdreiwen. Normalerweis hu mer däers genuch.
E Supplement ass also an eise Géigenden net néideg, de Generalist Dr. Nico Haas erkläert:
Et sinn och verschidden Theorien do, wéi kann ech déi Vitaminnen zou mir huelen, do gëtt gesot, datt déi, déi am natierlechen Zoustand am beschte sinn, zum Beispill, wann Dir en Apel iesst, da kritt Der méi Vitaminnen, wéi wann Der esou en Extrakt géif iessen, déi Närungsergänzungsstoffer, déi hier gestallt ginn, well verschidden Theorië soen, datt dann d'Aféieren an de Kierper net fonctionéiert.
Gutt Quelle fir de Vitaminn A sinn Déiereproduiten, ma och an der planzlecher Nahrung ass genuch Vitaminn A fir de Besoin ze decken. Dozou gehéiert: Liewer, Eeër, Wuerzelen, grénge Kabes, Spinat, roude Poivron an Tomaten. Nächst Woch schwätze mer op dëser Plaz iwwert de Vitaminn B Komplex.

© pixabay