
© pixabay
D'Geschicht vum Vitaminn C ass laang an och bekannt: E gouf duerch d'Krankheet Skorbut entdeckt, ënnert där Séifuerer fréier dacks op laange Schëffsreese gelidden hunn: Fault Zännfleesch, Gelenker déi entzünt waren, oder Muskelschwund. Vill Matrouse sinn un Häerzmuskelschwächt gestuerwen. Dass dat alles op e Mangel u Vitaminn C zeréckzeféiere war, op déi schlecht Nahrung u Bord, wou et laang just dréchenen Zwiback a gedréchent Fleesch z'iesse gouf, wosst deemools nach keen. De Schëffsdokter James Lind huet 1752 dunn eng Behandlungsmethod géint de Skorbut fonnt - frëscht Uebst. Dovunner huet spéider och den James Cook profitéiert andeems en Orangen, Zitrounen a Sauerkraut mat op d'Schëff geholl huet a kee vu senge Männer méi duerch Skorbut verluer huet.
Drénk dach mol eng waarm Zitroun - dee Rot kennt ee, wann een sech mol am Wanter erkaalt huet, Dr. Marc Keipes aus dem Gesondheetszentrum vun den Hopitaux Robert Schumann?
Bon, Vitaminn C ass jo effektiv wichteg fir den Immunsystem, ass an Uebst a Geméis iwwerall dran an duerfir, wann een déi fënnef Portiounen Uebst a Geméis den Dag ësst, huet e jo am Fong och dovunner keng Mangelerscheinung a brauch een also och keen zousätzleche Vitaminn C zou sech ze huelen, och net wann ee fäert et hätt een eng Erkältung.
Wann een also e Smoothie oder en Orangejus drénkt, huet een es scho genuch fir den Dag. Wat huet de Vitaminn C dann nach u Virdeeler?
En huet antioxidativ Funktiounen, an dofir gëtt en och vill a Crèmen an esou weider agesat, well et soll dann och d'Falen op der Haut reduzéieren, wat awer meeschtens Quatsch ass, well dat kënnt meeschtens net méi wäit wéi an déi doudeg Zellen, déi baussen op eiser Haut sinn, déi dann erëm ofschuppen. An de Vitaminn C kënnt eigentlech net dohinner, wou en eigentlech misst hikommen, bei d'Stammzellen an der Haut, déi sech da géife regeneréieren.
Wiesselwierkunge bei Vitaminne kënne souwuel tëscht verschiddene Vitaminnen ënnerteneen, awer och tëscht Vitaminn a Medikament optrieden, wat entweder d'Wierkung beaflossen awer och d'Opnam vu Vitaminne reduzéiere kann. Et ass dohier och wichteg dës Wiesselwierkungen ze kenne fir onerwënschten Effekter z'evitéieren. D'Heilpraktikerin Anja Welsch erkläert:
Es gibt noch eine, die ganz interessant ist, das Vitamin C wird auch eingesetzt in der komplementären Krebstherapie als Infusion und da muss man einen Therapeuten haben, der sich gut auskennt, in bestimmten Zyklen während der Chemotherapie darf es nicht gegeben werden, weil es dann auch die falschen Zellen pushen könnte.
Den duerchschnëttleche Besoin läit bei 100 Milligramm pro Dag, dee mat frëschem Uebst a Geméis liicht z'erreechen ass. Nieft den Zitrusfriichten, der Kiwi, roudem Paprika ginn et awer och nach e puer richteg Vitaminn C Bommen, wéi Spackelter, Sanddorn, oder d'Acerola Kiischt, déi 3-5 mol méi Vitaminn C liwweren. Nächst Woch schwätze mer iwwer de Sonnevitaminn D.

© pixabay