De Joy Hoffmann ass fir eis zu Cannes um Filmfestival. Du hues elo di éischt vun den dräi Lëtzebuerger Koproduktioune gesinn déi zu Cannes gewise ginn, an dat ass en Animatiounsfilm

20/05/2025 Festival Cannes

Genau esou ass et. Déi éischt Lëtzebuerger Koproduktioun, déi hei an der offizieller Selektioun an enger "Seance speziale" gewise gouf, war den Animatiounsfilm MARCEL ET MONSIEUR PAGNOL vum franséische Realisateur Sylvain Chomet. Koproduzéiert gouf e vu Bibibul Productions mat  Collaboratiounen vum Lëtzebuerger Tounstudio Philophon an de Studioe vun Doghouse, déi un den Dekoren, dem Layout an der 2D Animatioun participéiert hunn.

De Film war initialement als normalen Documentaire geduecht mat e puer Animatiounszeenen. Schliisslech gouf alles ëmgedréint an Tëschent den Animatioune ginn eng Rei Extraite vum Pagnol senge bekanntste Filmer mam Raimu a Fernandel gewisen  

De Film beschreift a villen touchanten, realisteschen an och witzegen Detailer déi artistesche Carrière vum Marcel Pagnol, Theater Auteur, Schrëftsteller a Kinorealisateur. Hei eng kuerz Zeen vun den Elteren, déi hire Bouf besiche kommen, deen aus der Provence op Paräis geplënnert ass....(Extrait) Déi interessantst Episoden am Film, well och villäicht manner bekannt, weisen dem Pagnol seng Resistenz géint de Kontroll deen d'Nazie wärend dem Krich op de franséische Kino geholl hunn, an nom Krich huet en seng eege  Studioen an de franséische Kino, vis à vis vun den invasiven Hollywood Produktioune verdeedegt.
Wann och de Film net di Exuberanz an Originalitéit vun "Les Triplettes de Belleville", huet, dem Sylvain Chomet säi Weltsuccès aus dem Joer 2003, esou si seng Zeechnungen dach erëm e pueren ästhetesche Genoss, an och als Biographie ass MARCEL ET MONSIEUR PAGNOL eng Reussite, éischter fir Kino-a Literatur Interesséierter, wéi fir Kanner.

RTL