Perfektionismus ass anscheinend modern. An et ass eng Schwächt déi mer, am Géigesaz zu anere Feeler, ganz gären zouginn, nom Motto "Naja, weess de, ech sinn do eben e bësse perfektionistesch." Perfektioun ass awer net ëmmer perfekt. Dat klengt elo vläicht ironesch awer a ville Fäll bréngt se eis esouguer méi Nodeeler wéi Virdeeler. Michèle Schons?

28/05/2025 Authentizitéit ass dat neit Sexy

Echtheet, Éierlechkeet, Authentizitéit - Wat ass dat eigentlech? Spille mer net alleguer iergendwou eng Roll? Dag fir Dag gi mer den Erwaardungen am Job no, erfëlle Klischeeën, Geschlechter- oder Status-Stereotyppen, passen ons un an di Masken un fir aneren ze gefalen, oder fir gesinn ze ginn. Esou e Wäertesystem gëtt och scho ganz fréi an der Schoul ënnerstëtzt, wou et permanent heescht dass et wichteg ass, et richteg ze maachen a gutt an ugepasst ze sinn.

Mënschen déi alles perfekt maache wëllen, denke vläicht dass e Feeler eng Néierlag bedeit an dee Moment fäerten se da fir eppes falsch ze maachen?

Op där anerer Säit bewonnere mer awer déi Mënsche mat Courage, mat Ecken a Kanten, déi sech trauen aus der Roll ze falen. De Professer, dee seng komplex Theorien erkläert an dobäi seng Kaffistaass ëmstéisst, oder de Speaker, deen sech verplappert, laacht a weidermécht, grad esou wéi d'Kolleegin, déi bei enger Presentatioun rhetoresch zwar top ass, awer mat der Technik net eens gëtt. Fakt ass och deen dass aus esou enger Perfektiounsbubble nach ni e Meeschterwierk ervirgaangen ass, weder an der Konscht nach soss anzwousch. Oder hues de schonn een héieren, dee gesot huet: "Wow, den Bob ass wierklech sexy, deen ass esou ugepasst"?

Jo, e Faux-pas mécht effektiv eng Persoun net manner interessant, au contraire, si kënnt vill méi sympathesch eriwwer.

Genee. Mënschen déi net perfekt sinn, schéngen eis méi no, si ginn eis d'Gefill dass deejéinegen genee esou Feeler mécht, wéi mir och an dat verbënnt. Wann nämlech dat Striewen no Perfektioun zu engem Muss gëtt, ass näischt méi gutt genuch. D'Wunneng ass ni uerdentlech well ëmmer nach eppes ronderëm trëllt, de selwergemaachene Gebuertsdagskuch ass net gegléckt, well e Schokelasbliedchen ëmgefall ass. Jo an dëse Reportage ass vläicht och net perfekt, well e méi präzis oder besser strukturéiert kéint sinn. Ma dat wäertvollst wat s de maache kanns ass e Feeler, well een aus Perfektioun näischt méi léiere kann.
 
Et kann also duerchaus hëllefen de Perfektionismus op der Säit ze loossen an sech bewosst net ëmmer an senger beschter Versioun ze weisen. A wien seng Schwächten och nach mat Humor hëlt, deen huet nach e puer Sympathie-Pluspunkte méi.