Mir reesen erëm an de Süde vu Frankräich bei den, dach begeeschterten, Joy Hoffmann.  Déi éischt Kompetitiounsfilmer zu Cannes hunn dem Joy gefall. Ass dat esou weider gaangen?

21/05/2025 Festival Cannes

Gréisstendeels jo, an et ass onméiglech hei iwwert all dës excellent Filmer ze schwätzen. Dat wäerte mer maachen, wa mer un d'Pronostiker vum Palmarès kommen, an dat dierft eng komplizéiert Aarbecht ginn.
 

RTL

Eenzeg an eleng  dem Wes Anderson säi Kompetitiounsfilm PHOENICIAN SCHEME huet mech bis elo zolidd genervt.  Wien allerdéngs Fan vum Wes Anderson sengem Kino ass, a senge Poppenhaus-aartege, burlesque, styliséierte Vignetten a Sketcher , wäert sech och hei bei sengem 12. Film ameséieren, wéi dat och vill Kritiker gemaach hunn. Mech ameséiert e scho laang net méi. Dës Kéier konzentréiert en sech zumindest op een Thema: de wëlle  Kapitalismus, wéi e säit jeehier vu rücksichtslosen Oligarche praktizéiert gëtt, an hie  gëtt d'Impressioun en hätt ausnamsweis eppes ze soen. Mee d'Geschicht vun engem Waffefabrikant, gespillt vum Benicio Del Toro, deen en industriellen an urbanistesche  Megaprojet an der Wüst wëllt bauen, an deen ëmmer erëm vu sengen Investisseure sabotéiert gëtt, bleift esou iwwerflächlech, dréint esou am Krees , dass en trotz de villen Attentater an Excursiounen an den Himmel, nach just langweilt. De Film kënnt di nächst Woch zu Lëtzebuerg an d'Kinoen.

E Film, iwwert dee vill hei geschwat gouf, ouni dass en eppes mat der Kompetitioun ze dinn hätt war den Horrorfilm DANGEROUS ANIMALS, e populäre Genrefilm, iwwert a Serialkiller, dee mat sengen Affer d'Haien zäcke geet . Esou e Film erwaart ee sech net onbedéngt an enger Selektioun zu Cannes. Mee et sief drun erënnert, dass och schonn 1975,  "The Teas Chainsaw Massacre" international bekannt gouf duerch eng Selektioun zu Cannes an der deemoleger Quinzaine des Réalisateurs.

RTL

DANGEROUS ANIMALS  kënnt zesumme mat dem Spielberg sengem "Jaws" an de Kino, dee säi 50. Gebuertsdatum deemnächst feiere wäert.
Och de Spike Lee huet de Buzz zu Cannes gemaach, net esou mat sengem éischter mëttelméissegen Thriller HIGHEST2LOWEST, deen Hors Competitioun gelaf ass, mee well onerwaart de Star vum Film, den Denzel Washington eng Palme d'Honneur iwwerreecht krut, an zum Schluss och nach d'Rihanna um Teppech war.

Iwwerhaapt, wat d'Staren ubelaangt war een dëst Joer besonnesch verwinnt. Just hei 2 Beispiller: fir de Kompetitiounsfilm DIE MY LOVE vum Lynne Ramsay, eng däischter Post Partum Geschicht, war den Trio Sissy Spacek, Jennifer Lawrence a Robert Pattinson um Teppech. Net schlecht...awer näischt am Verglach zur Ouverture Zeremonie mat Juliette Binoche, Quentin Tarantino, Robert de Niro a Leonardo Di Caprio. Mee eigentlech si mer jo hei zu Cannes fir Filmer ze kucken.