
Mëtt Mee war de Crémant's Concours zu Beaune an der Bourgogne. De Grand-Duché huet jo am Palmarès 11 Gold a 6 Sëlwermedaillen vun do mat bruecht.
Mee wéi leeft esou e Concours eigentlech of, a wat bréngt dat fir d'Wënzer an d'Vente?
De Christian Schmit huet sech mam Claire Sertznig, zoustänneg fir d'Kommunikatioun fir Vins et Crémant Luxembourg doriwwer ënnerhal.
29/05/2025 Crémant Concours, wat bréngt et dem Wënzer 1 (MAT USO)
An dat um Site vun der Wäibaustatioun zu Réimech. All Joer ass dee Crémant's Concours, wou et em Medaille geet, an enger anerer Regioun vum Crémant. Zu deenen zielen 8 Stéck am Frankräich + Lëtzebuerg. Am Hexagone sinn dat, Alsace, Bourgogne, Die, Savoie, Jura, Loire, Bordeaux an de Limoux.Wéi leeft esou e Concours eigentlech of?
Mir sinn eng Lëtzebuerger Delegatioun di dann dohi fiert. Mëttes ass eng Assemblée Générale wou mir och ganz vill op di aner Crémant Regiounen aginn, wou sech ënnereneen ausgetosch gëtt wat de Marché och grad hir gëtt, wat d'Contrainten an Erausfuederunge sinn. An dann ass deen aneren Dag Moies de Concours wou da ganz serieux geschmaacht a juréiert gëtt. De Jury gëtt agedeelt no Regiounen a no Kategorien.
Evidenterweis ass et e Blind Tasting an e neutrale Jury?
D'Jury déi schmaacht dat ass ganz gemëscht. Et huet een zwar och um Lëtzebuerger Dësch och ëmmer Representanten vu Lëtzebuerg wou et einfach dorems geet deenen anere Leit aus deenen anere Regiounen ze erklären wat mécht e Lëtzebuerger Crémant aus. Wat ass d'Stilistik? Wëll och ech wann ech op engem aneren Dësch sëtzen, ass et ëmmer ganz interessant fir de Produit, och wann een e net gesäit, et schmaacht ee blann, awer e bësschen d'Hannerwëssen gewuer ze ginn. Wéi eng Cépage gi geholl, wéi ass bei hinnen d'Vinificatioun, wat si bei hinnen d'Spillregelen.
An dann ass jidderee gespaant wéivill Auszeechnungen et da ginn. Awer eréischt owes beim festleche Gala Dinnner ginn déi annoncéiert. 7 verschidde Kellereien ware bei der Editioun 2025 fir de Grand-Duché am Concours. Wat bréngt dat dem Wënzer an der Lëtzebuerger Musel eventuell?
Deen éischte Surplus ass den Austausch deen do ass, dat ass ganz flott. Och emol d'Meenungen vun anere Crémant's Produzenten ze héieren. Mir liewen awer hei op der Musel an eiser klenger Bulle wou jideree jideree kennt, an de Crémant jideree kennt. An dat ass interessant e Bléck vu baussen drop ze geheien. Dann ass et natierlech esou dass do jideree gäre mat mécht wëll et ëm d'Medaille herno geet. Et ass e bëssche wéi bein den olympesche Spiller, deen deen untrëtt, dee wëll och d'Medaille.


Am meeschte gelies