Mëtt Mee war jo de Crémant s Concours zu Beaune an der Bourgogne. An engem virechte Reportage de Moie si mir scho vill gewuer ginn iwwer de Verlaf vun deem Concours. Deen ass all Joer ëmmer an enger anerer Regioun. Et geet net nëmmen ëm Medaillen, mee et gëtt sech ënnereneen ausgetosch, an et huet duerchaus e positiven Effekt op d'Promotioun vun eise Lëtzebuerger Crémanten.

De Christian Schmit  huet sech mam Claire Sertznig vun der Promotion de Vins et Crémants de Luxembourg doriwwer ënnerhal. Och zum Thema op et sech op d'Vente vun eisem Crémant reflektéiert, an dass de Crémant's Concours 2026 bei eis am Land ass. 

29/05/2025 Concours Crémant fir Wënzer a Vente Deel 2 (MAT USO)

Lëtzebuerg war och déi Kéier nees nieft den aaneren 8 franséische Regiounen dobäi. Ass een eigentlech zefridden aus der Bourgogne erëm komm?Jo ech ménge mat 11 Goldmedaillen a 6 Selwermedaillen si mir zefridden. Mir konnten domadder deenen anere Crémant Regiounen och weisen wat eise "Savoir faire" ass, an dat gëllt et natierlech och elo hei heem ze vehikuléieren an ze soen eise Crémant ass gutt.

Bravo fir d'Gold a Sëlwermedaillen, mee natierlech freet e sech ob dat en direkten Afloss op d'Venten kann hunn? Wëll wéi heescht et jo gäre beim Wënzer, di beschte Fläsche sinn déi di verkaf sinn.

Et ginn esou Etüden. Di eng soen dass esou eng Medaille am Supermarché natierlech méi Vente bréngt. Da ginn et awer, soen ech emol, fir déi Wënzer déi hir privat Clienten a Restaurateuren hunn, ass dat elo schwéier ofzeweien. Do ass et esouguer dacks dann dass een dem Client an deem Joer duerno muss erklären firwat d'lescht Joeng Medaille, an dëst Joer net?

Awer am Supermarché denken ech, wou d'Etikett jo schonn de base eng wichteg Roll spillt, ass et ëmmer eng schéin valeur ajoutée wann dee gëllene Medaillon do drun hänkt. 

D'Claire Sertznig hat déi Kéier besonnesch d'Organisatioun am Aa, wëll et wiesselt jo ëmmer, an de Grand-Duché 2026 de Crémant s Concours wäert ausdroen?

Mir sinn dann d'Gaascht-Regioun, déi di franséisch Crémant Regiounen hei op der Musel emfänkt. Dat ass d'nächst Joer am Abrëll, a wéi den Zoufall et wëll, ass dat och dat Joer wou mir 35 Joer Crémant feieren, an et ass och dee 35. Concours. Also de Concours u sech ass natierlech reng fir de Professionellen an d'Kngessisten, mee do kënnt nach eppes wou d'Lëtzebuerger mat agebonne ginn, an dass si di Crémanten därfe schmaachen.

Da wënsche mir elo scho bonne chance, an deemno dann de Crémant Concours 2026 op eiser Lëtzebuerger Musel.

RTL
RTL