
E Mëttwoch war den Dag vun den zwou weidere Lëtzebuerger Koproduktiounen zu Cannes. Niewent dem Animatiounsfilm Marcel et Monsieur Pagnol, huet Bidibul Productiouns zesumme mam Filmfong och dem Iraner Jafar Panahi säi Kompetitiounsfilm UN SIMPLE ACCIDENT ënnerstëtzt. Vu Cannes de Joy Hoffmann.
Jo, an de Jafar Panahi ass net egal wien. Seng 10 Filmer, déi e säit 1995 gedréint huet, goufen all, ouni Ausnam a grousse Festivalle priméiert.
Säit Jore spillt e Kaz a Maus mam Regime, war e puer mol am Prisong, a krut verbuede säi Beruff aus ze üben. Trotzdeem huet hien et ëmmer erëm fäerdeg bruecht regimmkritesch Filmer an der Clandestinitéit ze dréinen an an d'Ausland ze schleisen. Iwwerraschenderweis sinn awer momentan all seng Condamnatiounen opgehuewen, an e konnt esouguer mat sengen Acteuren op Cannes kommen.
Wéi se allerdéngs zu Teheran op säin neiste Film wäerte reagéieren, dorop dierft ee gespaant sinn. Well nach ni huet de Panahi op esou eng direkt a vehement Aart a Weis de Regime attackéiert.

An UN SIMPLE ACCIDENT geréit, zimmlech duerch Zoufall, en Tortionnaire vum Regime an d'Hänn vun enger Grupp vu fënnef vu senge fréieren Affer. 100% sécher sinn se sech awer net, well se ëmmer d'Ae verbonnen haten, wann se torturéiert goufen, an esou ginn d'Diskussioune lass, wat elo mat him soll geschéien. De Film ass iwwer wäit Strecken eng richteg schwaarz Komedie, zugläich spannend, mat ville Rebondissementer, déi zu enger Aart populärem Tribunal féieren, wou et ëm Schold, Vergeltung a Gerechtegkeet geet. E couragéierten a passionante politesche Film, dee kloer matt zu de Favoritte fir d'Palme d'Or gehéiert.
Ouni Hëllef vum Filmfong, huet d'Vicky Krieps mat senger virun 2 Joer gegrënnter Firma Viktoria Productions de Film LOVE ME TENDER vun der jonker franséischer Realisatrice Anna Cazenave Cambet koproduzéiert, a gouf direkt an der Niewesektioun "Un Certain Regard" selektionéiert.

Am Film geet et em eng Mamm, déi sech als lesbesch out, an da jorelaang géint e verbruete Papp fir d'Suergerecht vun hirem Bouf kämpfe muss, deen se oft méintelaang net ze gesi kritt. De Film baséiert op dem autobiographesche Roman vun der Constance Debré, déi op zimmlech radikal Manéier do hiert Liewen als lesbesch Fra beschreift, wouzou d'Vicky Krieps am Interview zu Cannes folgendes mengt:
"vill Fraen, déi Mamm sinn hu gesot se hätten d'Buch gär gehat, mee et war hinne schlussendlech ze haart. Ech hunn ëmmer eng Douceur dodra gelies, ech hat ëmmer d'Gefill di Fra, also Contance Debré, do ass hannert der Mauer eng onglaublech Sanftheet,eng Douceur, eng Tenderness, et war mir ganz wichteg dat bei de Film ze bréngen. Wat mir ëmmer kloer war, dass et d' Element vum Kampf huet, d' Element vun der lesbescher Befreiung, an d'lesbesch Sexualitéit an enger ganz éierlecher Aart a Weis ze weisen. Wat mir wichteg war, war déi Douceur mat eranzebréngen, als Mamm déi ech sinn, an déi elo net an deem Milieu lieft"
LOVE ME TENDER ass dann och, trotz dem haarden an onfaire Kampf, deen d'Mamm mat vill Disziplin duerch stoe muss, an allen Hisiichten e rouegen, doucen a mat Momenter ganz emotionale Film.