
Méi wéi 90 mol den Dag – esou oft kucken d’Leit am Duerchschnëtt op hiren Handy. Hei zu Lëtzebuerg ass dat net anescht. Wéi stidd Dir zu Ärem Handy? Eis RTL-Reporterin Céline Spithoven huet Iech dobausse gefrot.
Moies am Bus, tëschent zwou Reuniounen, owes um Canapé. De Fanger geet automatesch op de Bildschierm. An d’Zäit? Déi leeft…
Digital Detox – also mol bewosst op den Handy verzichten – ass mëttlerweil en Trend ginn. Net nëmme fir Yogaleit oder Naturfreaks, mee fir jiddereen, dee sech d’Fro stellt: Gehéiert de Smartphone mir – oder ech him? Vill Leit probéieren et emol eng Stonn, en Dag, oder souguer eng ganz Woch.
An d’Resultat?
Keng Push-Noriichten, keng Likes, keng permanent Opmierksamkeet op dat, wat online leeft. Mee dofir: méi Gespréicher, méi Rou am Kapp – an heiansdo esouguer: Langweil. An dat ass vläicht dat schéinst dorunner: Well aus Langweil entsteet Kreativitéit. An och ee bësse Fridden.
Vill Leit mellen no engem klengen Digital Detox, dass Si besser schlofen, si kënne sech méi einfach konzentréieren a si liewe méi am Moment. Dat heescht net, datt mir mussen ganz offline goen. Den Handy bleift e prakteschen Tool am Alldag. Mee heiansdo geet et just drëms bewosst ze entscheeden a vun der Dauer-Berieselung Ofstand ze huelen. Digital Detox ass kee Verzicht – et ass eng Paus. Fir de Kapp. Fir d’Séil. An heiansdo och fir d’Batterie.
An de Lycéeën gëtt den Digital Detox no der Péngschtvakanz fir d’Schüler souguer obligatoresch. D’Notzung wäert hei nämlech staark limitéiert ginn. An der Primärschoul ass den Handy jo lo schonn zënter enger Zäitche verbueden.