Back to the 90s... Jo, et kann deen een oder anere freeën, deen alles vu fréier gehalen huet. Dat ass haut nämlech rëm voll am Trend. D'Céline Spithoven verzielt eis, wat am Joer 2025 alles rëm zeréck ass.

09/06/2025 Band 90er Comeback 8h40 C.Spithoven

Et ass 2025 – a mir liewen an enger Zäit, wou d’Zukunft ëmmer nach no der Vergaangenheet ausgesäit. Méi genee: no den 90er Joren. Awer et geet net nëmme méi ëm Nostalgie – vill Saachen aus deem Joerzéngt si wierklech erëm do, mat engem neien Touch.

De Gameboy Color ass offiziell als „Retro-Editioun“ zréck, mat USB-C-Lueder an engem neien Display – An d’Tamagotchien? Kritt een 2025 erëm ze kafen – just elo mat App a Mini-Kamera.
Serien aus den 90er Joren, wéi Friends, The Fresh Prince of Bel-Air oder X-Files, ginn nach ëmmer gestreamt, mee Netflix an Disney+ maachen elo souguer Spin-Offs a Reboots. Un d'90er gëtt net méi nëmmen erënnert, se gi weidererzielt.

 Musekstechnesch:
Vinyl ass scho laang zeréck, mee lo ginn och Kassetten erëm verkaaft. Jonk Bands ginn hir nei EPs am Kassettelook eraus – einfach well et cool ass. An de Sound? Grunge, Eurodance a souguer Happy Hardcore feieren e Comeback op TikTok.

D'Capri-Sun mat alem Design, Pepsi Blue, oder souguer Flutschfinger-Glace sinn nees an de Frigoen – well Marken den Trend erkannt hunn: Retro verkeeft sech.

Och d'Fotografie ass 2025 ganz am 90er-Style: Eeweekameraen, Polaroiden, a souguer nei „digitale Wegwerfknipsen“ si voll am Trend – alles wat lues an „onperfekt“ ass, gëtt als authentesch ugesinn.

Souguer Rollschong sinn zeréck – net als Sport, mee als Stil-Ausso. An d’Diskokugelen, déi fréier an all 90er-Danzsall gehaangen hunn?Déi hänke lo an der Stuff vun Influenceren.

Fazit? 2025 weist: D’90er sinn net just Retro, se si relevant. Se bréngen e Gefill vu méi Einfachheet an Individualitéit zréck – a gi mat der Technologie vun haut nei interpretéiert.