Bis virun e puer Joer war se nach zu Housen, mëttlerweil ass se awer bis op Ëlwe geplënnert. Déi eenzeg Firma hei am Land déi Brëller fabrizéiert an an der ganzer Welt verkeeft. An dat schonn zanter 1995! Gold&Wood Luxembourg, sou den Numm vun der Mark déi iwwregens och vu sou munchem bekannte Star gedroe gëtt. Eis RTL Reporterin Nicky Soisson huet e klengen Ausfluch an den Norde gemaach fir sech d'Brëller "made in Luxembourg" mol méi genee unzekucken:

11/06/2025 RTL Reporter: Luxus-Brëller "made in Luxembourg"